FOTOEN - Vill lass
Peckelshaffer Tomatenzoppfestival
Der Deeg war zu Peckelshaff rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Baam31.08.2023Keen Mënsch brauch dat.
-
Gleewennetalles31.08.2023Ee Beweis méi . Wen sech op d‘EU verleisst , ass verloos.
-
Anna_List31.08.2023An sou enger Situatioun wei der leiten, gesäit een waat engem Aussenminister seng Arbescht wert ass. Kee Sou!
-
Gaardebounen31.08.2023De Markus Söder ass CSU. An déi Partei aus Bayern hat nach nie eng reell Chance fir de Kanzler ze stellen. D'Annegret Kramp-Karrenbauer ass vun der Kanzlerin Merkel op Berlin als CDU-Cheffin geholl ginn. Mee déi Fra hat awer och guer näischt bekäppt wat hir nei Roll do wir. Soss geíf se elo net ëmmer nach soen d'CDU-Cheffin misst och Kanzlerkandidatin sinn. Well de Kanzlerkandidat bestëmmt net d'CDU eleng, mee eben d'CSU mat. Dat ass jo de Punkt. Genau dat hat d'Angela Merkel och am A wéi se d'AKK just an d'Spëtzt vun der CDU gesat hat. Obschonns déi Fra dohinner formell gewielt gouf, d'Partei huet d'AKK geholl, well d'Merkel dat sou wollt hunn. An de nächste Kanzlerkandidat wäert dee sinn, deen d'Angela Merkel wëllt hunn.
-
de_Feierbop31.08.2023Déi oofgehange vun eiser Gesellschaft interesséierën déi ofgehuewe Gesellschaft zu Letzebuerg net, léiwer déi aaner Seit kucken! Ech kéint RTL e Reportage iwer esou eng Famil proposéierën, op d’Redaktioun awer bereet ass sou e Reportage ze brenge, bezweifelën ech. Et ass méi angenehm iwert d’Paischcroisière ze berichten. Sou am Stach wéi déi gelooss gi vun alle Seiten ass en Hohn.
-
Letzebauer31.08.2023Dee Mann huet wéinstens eppes ze zielen, ze soen. An dat, ouni Blumm virum Mond. Et mierkt een, dee kënnt vum Terrain; aus der Realitéit. Di politesch Verantwortlech hunn ëmmer aner Zuelen virun sech leien, där verschéinerter schéngt et, wann si an der Ëffentlechkeet untrieden. Do ginn et ëmmer nëmme minim Differenzen, am Verglach mat virdrun. Et ass jo awer och genau déi presentéiert Realitéit, déi d'Leit dobaussen, doheem, iergendwéi spieren, mierken, an dat souguer ouni konkret Donnéeën. Net nëmmen an deem Beräich! Interessant wier et och, gewuer ze ginn, wien sinn déi Täter, a wien déi Opfer. Dat da vläicht fir di nächste Kéier, no de Walen, wann dee Mann dann nach iwwerhaapt d'Méiglechkeet kritt, an e Mikro ze schwätzen.
-
donquijote31.08.2023wien seet mir dann,dass dat wat du ugewisen gëtt och richteg ass! Oder muss ech dann nach eng -kéier hannen um Pak kucken op dat och stemmt?
-
agentorange31.08.2023A schon gett net neess gemeckert an lamentéiert firwat kee Letzebuerger deen Posten do kritt huet. Pardon mee virum meckeren könnt mol d´alleréicht d´Nodenken. Firwat ass et kee Letzebuerger gin ??? Et kann jo sin datt keen vun deenen drai Kandidaten déi entspriechend Viraussetzungen hat. Dat ass nun mol esou wann fir een Posten vill Kandidaturen era kommen dann deen entspriechend beschten eraus gesicht gett. An ausserdeem steet néierens geschriwwen datt et muss een héi aus dem Land sin. Et gin iwwregens och Letzebuerger op ähnlechen Posten am Ausland, ech kann mech z.B. nach gutt erenneren dat virun nach net all ze langer Zait iergendwou eng Reportage iwwert eng Letzebuerger Dame op esou engem ähnlechen Posten, ech mengen et ass an der Schwaiz, eng ganz gutt Arbecht mecht. Wann ech mech net ieren war deen Reportage eng Kéier an der Artbox op Telé Letzebuerg.