FOTOEN - Eng méi lass
Kéidenger Decamaart
De Weekend war zu Kéideng rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
luxusbuerger25.08.2023Et ass méi einfach ze mellen wéini dass en op ass wéi ëmgedréint.
-
Enn_Letzebuerger25.08.2023Sait GAMBIA, sin déi NORMAL Beamten fazeg gehait mat daer Veteernwirtschaft! Dat huet sech d'CSV mol net erlabt. De Problem ass och nach deen dass sech net un geltend Regelen gehale gett. Do grenze verschidde Faell no un eng Korruptioun! Vun Transparenz guer net ze schwaetzen ........
-
Trulla25.08.2023Egal waat e wielt et kennt Endeffekt emmer dat selwescht dobei raus. Eng EU-Politik dei keen brauch
-
Mausketti225.08.2023Landesplanung ass d'Wuert, an do si mer néierens, an dësem Land. Et ka nët sin dass d'Gemengen an de Staat déi ellen a sënnlos Appartementsschongkëschten an eisen Dierfer weider wéi Onkraut spréissen lossen. Et ass vollkommen idiotesch logerment de Masse an eisen Dierfer wou all Stonn vlaicht ee Bus derduerch fiert bauen ze lossen. Déi Stéit brauchen dann een bis drei Autoen wann d'Kanner bis grouss sin, well jo d'Businfrastruktur nët nozitt. Et gëtt Leit déi sech iwwer eidel Bussen opreegen, ech reegen mech op dass ee Moies keng Plaz méi am Bus huet, well nëmmen een an der Stonn hei fiert, an dass mein Duerf zur ellener Schloofgemeng mutéiert well eis Landesplanung eben keen Plang huet. Dëst Land brauch een Audit, fir dass endlech définéiert ka gin wa mer eigentlech brauchen, an daat ass définitiv nët deen liberalen guer nët nohaltegen Wuesstum deen den Regierung ënnerstëtzt a fuerdert. De Gemengepapp argumentéiert dann eben dass Leit an der Gemeng Finanzement bedeit,an de Bauer/Spekulant/Promoteur dreemt sech irrtümlech als Beitrag zur Léisung vun der Wunnproblematik hei am Land a fëllt sech niewenbei d'Täschen, um Bockel vum Land a senger Bevölkerung. Ech hoffen dass lo glaich een do d'Handbrems fënnt, well daat geet garantéiert soss voll an d'Mauer.
-
gestressten25.08.2023Stater Arroganz an Ignoranz pur. Wann et jo gratis ass, dann hätt een de Forainen och einfach kënnen ouni "Brout a Spiller" mat engem Corona-Subsid finanziell ënner d'Ärm gräifen. Näicht aneres mécht een jo hei och. Zousätzlech zitt d'Stad domat nach d'Leit aus der Groussregioun un, fir sech hei gratis ze amüséiren, wat nees zousätzlech Infektiounspotential ënner der Bevëlkerung suergt. An där aktueller Situatioun absolut onverständlech, net novollzéibar an onvernënfteg.
-
den Trellert25.08.2023Ass dat den Här deen d'Independanten net wollt ënnerstëtzen well déi grinsend mam Ferrari duerch d'Landschaft fueren an net matkritt hat dass och eng Coiffeuse, e Bäcker oder e Schräiner Independanten kënne sinn? Ass wierklech ustrengen dem Här Kersch senger Polemik nozelauschteren. Säit 40 Joer revendiquéiert d'LSAP virun all Walen ... a wann dann de Koalitiounsvertrag bis ënnerschriwwen ass, héiert een näischt méi vun hiren "Iddien".
-
Maulwuerf25.08.2023Fir wen sinn dann dei Wunningen? Fier mech an Famill mat 2 Kanner an engem Mupp?