FOTOEN - Mega-Stëmmung
Schwéidsbenger Kraitchenmaart
Der Deeg war zu Schwéidsbeng rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Elo_awer20.05.2023Wann ech op der Arbecht mein Chef sou kritiseiren kann ech mech och no enger neier emkuken.
-
KengduebelMandater20.05.2023......et kéint een d'Altersheemer jo awer och gratis maachen ?
-
Heemecht_lu20.05.2023et schéint hei villen nét ém daat wichtegst ze goen, den Staat encaisséiert bei all Vente 7% fier kaum eppes ze maachen, daat ass jo schéint et egal ech sin keng Agence, mais ech kann mer fierstellen, dass do Plaatzen erschaaf gin, Sécu, Frais bezuelt gin, natierlech ass eng Vente fier en Ojbet vun 500.000€ nét vill manner wéi en Objet vun 2 Milliounen wou déi Staadter Agencen sech drop stierzen, do misst et gestaffelt sin, z.B. bis 500.000€ 3% max, dann dégressiv an bei iwer 1 Mio nach just 1 bis 1,25% dann ként eng Moyenne eraus bis 2 % an drénner mais daat aenert nét den Prais vun den Immobilien, et ass jo einfach hannert dém wou den Haer Fayot séch verstoppt eng Ausried, och Ministeren etc wéllen fier hier Objets daat méescht, waat ho hei am Land vill duerch Ierfschaften ként wou et Freibetraeg gin , Spekulatioun ass jo eng Krankhéet bei villen, an elo wier méi wichteg, dass Taxe vum Enregistrement mol op 2-3% eroof géing goen dann haet den Haer Fayot eppes erréescht,
-
gestressten20.05.2023Ech gif mech schummen vis-à-vis vun mengen Kanner huet der jo 4, dat geknutscht‘s a gelécks bei deenen zwee sin e puer Schrauwen lacker
-
Kritiker20.05.2023Ech héieren vum Premier nemmen _Entreprise“, „Finanzplaz“, „Firmen“, „Aarbeschtskraft“, „Betriber“, Wirtschaft, „Invessitsseur“, „Konsument“, „Steiereecetten“ Dat seet alles vum Denke vun dem Mensch. Ech géif leiwer eppes héieren vu „Menschen, Kanner, Schüler, eeler a krank Leit, „Elteren“, vu Leit ouni Wunneg oder déi keng bezuelbar fannen. Vu Spideeler, vu Schoulen, vun Altersheimer, vu Logementer, vun der Securitéit, wéi mer mat der Natur emginn... Tjo.. liberal Politik halt.. Lag vun der Natioun resuméiert sech op Wirtschaft.
-
Egalwat20.05.2023Jidfereen kann beim fëmmen machen wèi e wëllt soulang e Mech als Netfëmmert net emmerdéiert. Dat machen Fëmmerten awer wann se zB op enger Zerasse néiwend mir fëmmen. Da froen ech se op et se net stéiert wann ech éissen während sie fëmmen. Oder déi Zigarettenkippen um Wee, ekeleg. Wann esouvill Knätsch oder ugeknaten Kamellen géifen do leien géifen Fëmmerten sech och beschwéieren. Respekt vun béiden Saiten as gefrot. Fir seng egen Gesondheet as jidfereen selwer zustänneg.
-
Virwatnet20.05.2023Di fräi Meenungsäusserung, déi mer ëmmer méi verteidege mussen, kann duerchaus geféierlech ginn, wann an enger Äusserung Falsch- oder Feelermeldungen dra leien. Sou schreift den Auteur: „... bekommen nun auch Jungen eine Gebärmutterhalskrebsimpfung verpasst, was wohl jeden halbwegs vernünftig denkenden Menschen staunend und sprachlos zurücklässt.“ Wann een sech bei der richteger Quell informéiert (http://www.who.int/mediacentre/factsheets/fs380/fr/), da wier sou en Ausrutscher ni geschriwwe ginn, an dee weist op e mangelhafte Kenntnisstand vum Auteur hin. Firwat dann d'Jongen och impfen: http://www.bag.admin.ch/themen/medizin/00682/00684/03853/index.html?lang=de do ënner „Publikationen“ Dee Virus ass nämlech net nëmme fir de Gebärmutterhalskriibs verantwortlech. E Bild seet heiansdo méi aus, wéi e laangen Text: http://www.cancer.ca/~/media/cancer.ca/ON/get%20involved/take%20action/what%20we%20are%20doing/HPV%20Campaign/CCS-Poster-Infographic--FRENCH.pdf All Medikament huet seng Niewewierkung(en). Leider! Wann een den Akzent just do drop leet, dann nëmme séier d'Fanger wech vun der Aspirine! Och kann een un eng Konspiratioun (vu weem och ëmmer) denken, am Sënn, lo kënnen d'Leit endlech fräie Sex hunn, ouni Gefor(en) ausgesat ze sinn. Wat sou, trotz der Impfung, net stëmmt. Eng Impfung wierkt ëmmer nëmme spezifesch. Oder er denkt een un de Lobbyismus vu Firmen, Associatiounen, déi mat Hëllef vu Medikamenter räich wëlle ginn. Et kann een sech vill där Szenarien ausdenken; et ass awer keen derbäi, deen een als Eltere vu senger Verantwortung, de Kanner géinteniwwer, entbënnt. Schued eigentlech, datt d'Fraen d'Wuert net ergräifen, well et geet hei ëm hir kierperlech Gesondheet, an déi vun hirer Duechter; eng Gesondheet, déi duerch d'Männer kräfteg hypothekéiert ka ginn.