FOTOEN - Tëscht Stolzebuerg an Kéimicht
Unterseeboot kënnt net laanscht Pompjeescamion
Photo: Vanessa & Leigha
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Kridelech10.05.2025Duerch dee riesegen Populatiounswuesstem vun +- 13.000 Leit/Joer brauche mer och ëmmer méi Infrastrukturen. Leider ginn awer vill manner Stroosse gebaut wéi Akafszentren.
-
Kritiker10.05.2025Een steht fest ,dass deen jeinegen deen op Strosbuerg an deen Europa Tempel keint, dem sein Brout ass geback , do kenn der jo den Turmes froen ,deen wees eppes dovun.
-
Anna_List10.05.2025Merci RTL
-
LibrePenseur10.05.2025Obwuel ech seit gudd 35 Joer net mei bei engem Coiffer war , well ech daat och ganz gudd eleng hinkreien : Ech war solodaresch an hun mir während dem Lockdown d'Buuschten net geschnidden ... fir net dei ze deprimeieren, dei net hun dirfen während dér Zeit bei hieren Coiffer goen. Geschter hun ech daat awer erem gemaach ... an ass Haut kengem opgefall.
-
WouereschtdeetWei10.05.2025« Wes Brot ich ess, des Lied ich sing. » Et geet keen onofhängegen Journalismus. Dat ass leider eng Utopie!
-
den_Kneckert10.05.2025Déi Hären (an Dammen) Juncker, Bettel a Konsorten hu sech virun e puer Wochen dermat gebretzt, sou e 'gutt' Handelsofkommen mat de südamerikanesche Staaten ënnerschriwwen ze hunn. Lo duerfen déi hir glyphosat-verseuchte Liewensmëttel an hiert hormon-geschwängert Fleesch an d'EU importéieren, an awer quietschfidel mam Ofholze vum Urwald weiderfueren, well eis dach sou dichteg Politiker déi eemoleg Chance net genotzt hunn, fir an dat 'Ofkommes' mat dranzeschreiwen, datt d'Südamerikaner, a besonnesch den H. Bolsano a Brasilien, dann elo awer DIREKT misste mam Ofholzen vun de Bëscher ophalen. Kaum ze gleewen, datt sou eppes ka paséieren.
-
Anna_List10.05.2025eng Moyenne ass oemmer bloedsinn