FOTOEN - Tëscht Felleschmillen an Wëlwerwolz
Rollschong rennt an Äppelbam
Photo: Paul!!!
En Accident kanns du och selwer bauen. Schéck eis eng Foto dovunner, da muss eise Fotograf net bei all Wierder iwwer d’Stroosse renne wéi eng Sau, fir als éischte sur Place ze sinn.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Komplet_Wurscht08.04.2024413“Den éischten Deel vun hirer Ried wier ganz staark gewiescht” D’ganz Ried wor net schlecht, well se ganz vill Informatioun iwwer lafend europäesch Projetën, inklusiv deenen hire Stand an déi erreecht Resultater hat. Zuele goufe genannt. Soss héiert ee vun der Politik net sou vill konkret Donneeën. Dat wor natiirlech geduecht fir ze weisen, datt een eppes mécht. Mee et si jo Aktivitéiten, déi well méi laang gëtt, wéi z.Bsp. de Green Deal mat elo 3 Milliarden Investitiounen an de Waasserstoff fir d’Industrie. Oder de sougen. Global Gateway och. Do baut d’EU am Ruanda an am Senegal zwou Fabrécke fir mRNA-Impfmëttel fir Afrika ze produzéiren. Ähnleches soll a Latäinamerika passéieren. A Villes méi, wéi eenheetlech Steuervirschrëfte fir d’europäesch Geschäftswelt. Et kann een d’Ried noliesen. Do wonnert et awer, datt eis Deputéierten dat alles nawell sou abstrakt kommnetéiren.
-
Misanthrop08.04.2024312Wohltaten verdeelen ,awer net woessen wie se finanzeiert ginn! .Wie wieret mat engem Congé parental plus plus als Belounung vir dei,die de Congé parental plus huelen ?
-
Waat_een_Kaabes08.04.2024291Här François BAUSCH, firwat hudd Dir déi Wierder un d'Adresse fun deenen déi den Déifferdenger Buergermeeschter zu Fall bruecht hun, net un den Roberto TRAVERSINI gereecht, wéi hien am Abrell 2015 zesummen mat sengem Koalitionskolleg Yves CRUCHTEN weider Ueleg op d'Feier, fun der Ministesch Maggy NAGEL hierer Bullisschluecht géint meng Persoun, geschott huet? Daniel MILTGEN
-
Komplet_Wurscht08.04.2024325„dass iergendwellech Institutiounen, Gruppen oder Personnagen d'Wourecht verheemleche wëllen, d'Leit also "domm" hale wëllen. “ Ass jo awer dacks hei scho gesot ginn, net eleng d’NASA mee iwwerhaapt d’Amerikaner. Mat hire Satelliten. Fake. D’NATO stécht vläicht och derhannert? Hinne geet et just drëm de Mënsch ze kontrolléire. Grad mam Navi, wou d’Signaler vu Satellite solle kommen. SI dobausse weisen der de Wee. Ass dat net Beweis genuch. Wou bleiwt d’Fräiheet wéi fréier, sech alt emol ze verennen. A Newton oder Einstein mat hiren Theoriën. Allkéirs hat néideg eng nei Mathematik derfir erfonnt ze ginn. Wou bleiwt wat mer an der Schoul geléiert haten? Jidderee weess, d’Somm vun de Winkele vun all Dräieck ass 180 Grad. Ma da schneid emol en Dräieck aus engem Blad a probéiert deen op e Ball ze pechen. Geet net gell? Irgendee Winkel hätt néideg vergréissert ze ginn. Also d’Winkele vun Dräiecke méi grouss wéi 180 Grad? Dat widerleet eleng scho mat einfachster Mathematik d’Kugeltheorie.



