FOTOEN - Tëscht Proz an Goussel
Oldtimer kritt Nëssert ze paken
Photo: erinanewton
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
MELLECHKOU03.03.20241226Ass eist land wirklech esou kleng, dass een muss reserveieren, vir eng roueg, gemittlech, schein a relax plaaz ze fannen?
-
De_Popst03.03.202400Et geet do drems vir die chinesisch Blos platzen ze dinn.Dodurch kennen USA weider nach etlech Joer NR 1 sinn,an dofier sinn se och bereet eng weltweit Ressecion a Kaf ze huelen.Et ass net wie vill Ignoranten mengen dat den Trump en Toppert ass den einfach Amok leeft.
-
Letzebauer03.03.202426A schon gett net neess gemeckert an lamentéiert firwat kee Letzebuerger deen Posten do kritt huet. Pardon mee virum meckeren könnt mol d´alleréicht d´Nodenken. Firwat ass et kee Letzebuerger gin ??? Et kann jo sin datt keen vun deenen drai Kandidaten déi entspriechend Viraussetzungen hat. Dat ass nun mol esou wann fir een Posten vill Kandidaturen era kommen dann deen entspriechend beschten eraus gesicht gett. An ausserdeem steet néierens geschriwwen datt et muss een héi aus dem Land sin. Et gin iwwregens och Letzebuerger op ähnlechen Posten am Ausland, ech kann mech z.B. nach gutt erenneren dat virun nach net all ze langer Zait iergendwou eng Reportage iwwert eng Letzebuerger Dame op esou engem ähnlechen Posten, ech mengen et ass an der Schwaiz, eng ganz gutt Arbecht mecht. Wann ech mech net ieren war deen Reportage eng Kéier an der Artbox op Telé Letzebuerg.
-
DirtyHarry03.03.2024138Lëtzebuerg, Stand elo: Infektiounen: 318344 Infektiounstaux: 49,2% Doudesfäll: 1222 -> Lethalitéit: 0,4% vun den Infektiounen Aner Zuelen zesumme mat anere Länner an Europa: 0,02% méi schwéier Problemer pro Impfdosis Dat si 0,0005% vun de geimpfte Persounen, ca. 2 mol méi héich wéi bäi aneren Impfungen Long Covid: net ganz kloer, ënner 1% bis 14% bezunn op Infektiounen an ofhängeg vun der Virusvariant. 0,00006 % Doudesfäll no Impfung a bezunn op all d‘Impfungen
-
Knadderhary03.03.202421Virwaat as Lezebuerg emmer virbei wann et em bezuelen geed?mir hun es well saat domat. Eis Zieler sin net aer Zieler.Main Portemonaie as net aeren. Gleich richten mir eis all een Gaardenheis-chen op,an da machen mir eis Vacanz dodran.
-
Politmotor03.03.202464Wat Kommentaren méi spéit kommen, wat rout Léiwen ëmmer méi schlecht gespillt hunn, den Trainer näischt daacht, a.s.w. Wahrscheinlech hunn déi meescht eréischt haut an den Noriichten héieren, wéi Resultat war. Wann een sech Fakten awer ukuckt wat Lux/WRus ubelaangt, dann gesäit et schonn erëm aneschters aus...(jo ech weess, si hunn verluer). Ballbesëtz 49/51 %, Schëss 13/15, Päss 439/448, Passgenauegkeet 73/75%, Corner 3/7. Et ass also net, dat déi Wäissrussen sou fuerchtbar iwwerleeën waren, hir Päss waren net besser wéi eis, si haten och net méi den Ball. Et war awer ganz einfach Fakt, dat Wäissrussen Problemer haten, wann Lëtzebuerg flaach an séier gespillt huet, si kruten dann keen Zougrëff, an dat hätt een missen vun Ufank un spillen. Si sinn grouss an stabil, mee dat ass dann bal ëmmer en Nodeel, wann flaach an schnell gespillt gëtt, dann kritt een sech net schnell gedréit. Héich Bäll sinn dogéint fir sou Spiller licht ofzefänken. Et hat een bei den rouden Léiwen och an der 1ter Halschent dat Gefill, si hätten Angscht, en Goal geschoss ze kréien an hunn näischt riskéiert, wéi se dunn hannen louchen, an et keng Alternativ méi gouf, hunn se vill besser gespillt.



