FOTOEN - Tëscht Kéisfuert an Birendall
Postkutsch rennt an Ielenter
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Alles-Quatsch24.02.2024En No Go, als medizinescher Grënn (mat Ordonnance vum Dokter) jo awer net eng Drog legal machen! Kann dat net no vollzéien, dass Regierung erlabt, dass en sech kann zou kiffen. Wat fir eng Gesellschaft kréien mir do an Land? An Holland dierfen just Résident kiffen, awer dat as just eng kleng brems, well op all Eck en Dealer steet déi verkaafen wëllen! Grausam wat fir Leit en do geseit :(
-
Kropefra24.02.2024Net direkt mam Thema ze din, mee och mat Immobilien: ech hun +- 1.900€ sozial Ofgaben vun menger Brutto op meng Netto Paie. Ech hun och eppes dofir gemach fir besschen méi ze verdengen. Demn kritt den Staat jo genuch vum Kuch. Hun klengt 2. Appartement kaaf, do sin erem mega vill Steieren ofgangen, obschon ech vun mengem Netto daat zesummen gespuert hun. Also erem een Steck vum Kuch fir den Staat. Henno ierwt daat den xY (net Famill mat mir), deen muss dann 40% Steieren bezuelen op den Wert vun der Immobilie. Fazit, ech gin vill of, spueren vum Netto fir eppes, muss do erem vill ofgin, an henno muss deen wou et ierwt fir 3. ganz vill ofgin. Ass daat ganz gerecht? Get et net 1x duer fir den Staat? Ech spueren mam Rescht an et gin egalwéi just Steieren of wann een keng Kanner huet (Choix oder well een keng kréien kann).
-
MELLECHKOU24.02.2024Den Télètravail ass ërem esou eng Schäindebatt déi gefouert gëtt an déi och nach un den Bediérfnisser vun villen Bierger verbäi gefouert gëtt an dréit den Suergen an den Problemer vun villen Schaffenden an och villen vum Partonat keng Rechnung. Den Télètravail bezitt sëch nëmmen op bestëmmten, spezifësch Beräicher. Ët maach sin dass esou Aarbëchtmoosnahmen virun allem Bürokraten zegudd kommen awer vill aner Mënschen kënnen guer näischt mat den Thema ufänken an si zéien keen Notzen doraus, am Contraire. Ëch hun z.b. elo schon eng ganz laang Zäit mat Bau an Renovatiounsfirmen ze din an déi Aarbëchter do kënnen räichlëch wéinëg mat esou Themen ufänken an vun Aarbëchtzäitverkierzungen schon guer net ze schwätzen, well Iwerstonen sin fir si schon bal eng Normalitéit an dat hëllëft hinen och nach fir hir kleng Paien opzestocken. Liwerfirmen gehéieren och dozou. Miwellgeschäfter och, virun allem déi Aarbëchter déi fir den Montage zoustännëg sin. D'Gastronomie an d'Hotellerie, faalen och net an den Beräich vum Télètravail. Gemengenaarbëchter mat Sëcherheet och net. Buschauferen an Lockführer och net. Déi vum Streedëngscht ënner anerem och net. Bëschaarbëscht gëtt och net vum PC aus erledëgt. D'Schëffer op der Musel kommen och net aus den 3D-Drucker an fueren och net vum selwen. Autobunnen gin och nach net esoubal vum 3D-Drucker an d'Landschaft gesprëtzt. Schinen an Catenairen verleen sëch och net vum selwen. D'Dreckskëschten gin och net vum selwen eidel gemaach. Den Auto en Panne oder d'Revisioun gëtt och net vum Roboter iwerholl. Den Blechschued beim Auto och net. Den Kulang den drëpst oder d'Leen déi beim Sturm vum Daach fléien, flëcken sëch och net vum selwen, do brauchen mer dann awer den Daachdecker. ......................... Elo sin ëch warm gelaaf an kéint nach eng sëlechen Berufer opziélen an d'Mënschen dohanner, déi awer och wiérklëch guer näischt mat dem Thema Télètravail kënnen ufänken an wou eis Gewerkschaften genuch ze din hätten fir dass iwerhaapt emol eng 40 Stonnenwoch kann respektéiert gin an dat ier ons houfrëg Parteien munch Aneren, maner Aarbëcht verspriéchen. Vergiéssen mer dann och net Doktoren an Infirmier an Infirmièren déi schon moies fréi bereet stin fir Patienten ze operéieren an déi d'Patienten duerno mussen rondërem d'Auer ze betreien. Schon emol iwerluecht, wéivill stonen esou en Chirurg um Bockel huet, ouni emol vun sënger Verantwortung ze schwätzen. Wéivill Stonen vill Patronen drumen fir hir Betrieber, zemols an dësen schwéieren Zäiten an vun Konkurenz um laafen ze haalen an Aarbëchtsplatzen ze sëcheren. An dann schwätzen hei Parteien an verschidden Mënschen aus bestëmmten Branchen an dat duerch eng global gefouert an am globalen geduechten an net duerchduechten Digitaliséierungsdebatt vun Télètravail an drämen emol dovun nach maner ze schaffen, ouni eng Grousszuel vun deels schwéier schaffenden Leit mat anzebezéien an hir Gedanken, well dat einfach net esou ëmzesetzen ass an den Télètravail fir si net oder nie méiglëch ass. Esou eppes nennt een eng Schäindebatt, well se nëmmen engem bestëmmten Deel vun der Gesellschaft en Notzen brëngt an virun allem, an dësem Fall, besonnëch déi kleng Leit ignoréiert an domader gesäit sëch dat klengt an och dat schaffend Vollëk vun esou Ideen vernoléissëgt, awer net nëmmen si. Wann ëch iech elo och nach soen, dass ëch selwer och Patron sin an dat ganzt Gespréich mär zimlëch op d'Nerven geet, vis-à-vis vum Patronat an och villen vun eisen Beschäftëgten, dann kënnt där iech all jo elo emol Gedanken maachen iwer déi Politik, iwer Parteien an och esou Schäindebatten an wéi wäit si alleguer vun den Besoins an den Problemer vum gréissten Deel vum Vollëk ëwech sin. Awer geschwën sin jo Wahlen an dann sin all Debatten gudd fir e puer Stëmmen ze fänken, zemols esouer, wou d'Gemidder vun Verschiddenen berouëgen déi doraus hiren Notzen zéien an Ideen déi den Staat esou direkt näischt kaschten. Awer Problemer léist een esou net, nee ët verschiebt een se.
-
den_Kneckert24.02.2024Dass e puer vun deene villen Shopping Centeren net ginn, wonnert mech guer net. Zu Lëtzebuerg brauche mir guer net esou vill Shopplngcenteren an mat Homeoffice ginn nach vill manner Leit z.B. op d'Cloche d'Or. De 'normale' Lëtzebuerger geet souwisou am léifsten an d'Belle Etoile oder an d'Concorde. Dat ass bal wéi een Ausflug wou e sëcher ass Kënneger ze treffen a bei engem Kaffi poteren ze kënnen. Bei deene neien Adresse, Belval, Cloche d'Or oder vàv vun der Philharmonie hunn sech e puer Investisseuren a Geschäftsleit ferem verspekuléiert.
-
Waat_een_Kaabes24.02.2024Mee mir Lëtzebuerger sin rem méi helleg wéi dée vun Roum!!!! Ganz Europa lackert bestemmungen vir Futtballstadien bis 60% ze fëllen just mir bleiwen bei 20 % !! Immens....👏👏👏
-
De_Jonggesell24.02.2024Do muss den Aulner mol Fro stellen fir daat Politiker zaghaft abscheinend bereet wären hir skandaleis Privilegien bei der Net- Besteierung eventuell opzegin... Vun sech aus hätten se daat niemols proposèert.An ech sin iwerzeegt daat nach vill Wasser Mousel rofleeft ihr daat reell get. Bei enger Indextranche kassèert den Bettel 500 Euros dovun 250 steierfrai... Da kann een wonnerbar posaunen keen am Reen stoen ze lossen.Et get also ganz breet Schelleren dèi guer net kontribuèeren wann daat domm Vollek zur Lisette geloos get.. An ech sin iwerzeegt daat en eventuellen Text eng Onmass vun Schlupflecher huet wou allmeiglech frais d'obtention kennen ofgesaat gin...