FOTOEN - Tëscht Grommeschmillen an Kuelbecher Haff
Doppeldecker rennt an Yacht
Photo: roli_b
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Weltbiirger21.02.2024Hei hëlleft jommeren a jeitzen no der Politique naïscht. D‘Politique kann do naïscht maan, just eng Drëpps Wasser op e warme Steen. Hei spillt d*Gesetz vun Offre an Demande, Capitalismus pur. Kuckt op YT d‘Sendung vun „Tout Compte Fait“ iwert micro appartementer, „Plus c*est petit, plus c’est cher“ do gesid Dir wou d‘Rees higeht. Leit liewen an Miniverschléi vun ron 10m2. An auslänneschen Metropolen normal. Dofir gin dann 500€ de Mount bezuelt 😢 https://www.youtube.com/watch?v=fG8LHzqnGmU RTL Link w.e.g. löschen wa net ok
-
LibrePenseur21.02.2024...wéi stoung an der franséischer Press ze liesen " Wout VAN AERT mi-humain, mi moteur". Dat ass genau beschriwwen wéi den säi Leader Primoz Roglic di läscht (schwéier) Etapp begleet huet, an him domat d'Victoire am Classement général erméiglecht (gesëchert) huet. Den Alex Kirsch huet eng formidabel Impressioun gemaach wärend dem Paris-Nice 2022, wat drop hoffe léist, dass hien optimal däerft préparéiert sinn, vir "Eendagesklassiker" ! Et ass him ze wënschen, dass hien bis dohin, ouni krank ze ginn, oder Verletzung sech weider ka virbereeden...bonne chance gewënscht a mir freeën eis schonn ob seng zukünfteg Coursen an hoffentlech gutt Klassementer ....
-
Wuermdran21.02.2024Hun mer an der EU jos keng aner Problemer🤦
-
LibrePenseur21.02.2024Gefierer dei net konform sin, do sin der awer eng Masse dobai wou d’Hoer an der Zopp gesicht get vun den Employeen vum CT wei z.Bsp. wou d’Rumm vum Nummerscheld e waissen amplaatz e gielen Strëch huet (schrecklech geféierlech baussen op der Strooss^^) oder esou Klengegkeeten wei e feelenden gielen Gillet, de Gummi vum hënneschten Wischer futti...etc... Do ass ouni Etat de Crise schon all Daag absoluten Chaos op der Kontrollstatioun(en), do wëll ech net wëssen wei et an den nexten Wochen/Méint do viirun geht.
-
Donald Duck21.02.2024Wat fir eng Zäitverschwendung. Keng aner Partei well mat deenen zesumme schaffen, oder vläicht awer d’Piraten?
-
WaatSaachen21.02.2024D'Vampiren schloofen och an engem Compartiment wann d'Sonn rauskent. Lo schloofen se grad.
-
Letzebauer21.02.2024Super News! RTL: w.e.g losst d'Publikum matt décidéieren ween fir eis sangen soll. Ech soen: schëckt d'Jongen vun DE LÄB
-
Knueterbatti21.02.2024"Fir d'Kardiologen ass beispillsweis just de Bereetschaftsdéngscht virgesinn." genau dat. Perséinlech fannen ech dat net an der Rei. Brauch een e Kardiolog, kritt een an der Urgence een Généralist ugebueden, well keen Kardiolog op der Plaatz ass, deen dann iwwer Telefon d'Direktiven vum Kardiolog diktéiert kritt. Ech fannen an enger Urgence mist d'office emmer een Kardiolog disponibel sin. mbg Lusy