FOTOEN - RTL EENT war live dobäi
Jeep op der Kopp zu Scheierbierg
Photo: der paparazzo
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Duke_of_Lux17.02.2024Et war effektiv een Fehler op d‘Eegeverantwortung vun de Leit ze zielen . Et senn puer aaler ,mee haaptsächlech jonker dei sech absolut onverantwortlech geintiwer der Gesellschaft verhaalen. Keen Respekt an keen Verantwortungsgefill geintiwer aneren. Traurig .Skandaleis. Et dauert villen Herrschaften ze laang , dat ganzt. Haut des Daags muss dauernd Party senn , net vill Leit kennen an wellen sech Zeit huelen fir och mol eroof ze kommen , ze Liesen , stonnenlang spazeieren ze goen a.s.w .
-
LibrePenseur17.02.2024Résidence Walfer: 3 Vollprofien op dem Terrain, mam Francois en früheren belschen Profi um Terrain. An dann verleiert een geint eng ganz stark dezimeiert Sparta matt lauter Eegengewächser. E besschien freet dat mech an ech sinn keen Spartafan, ech gin et awer vielleicht geschwenn. Dat ass en gut Zeechen fir den Bakset.
-
Trump197817.02.20241) Ouni Bauer, kee Wees, kee Brout! 2) Ouni Bauer, keng Kou, keng Mëllech! 3) Ee Bauer schafft all Dag rondrëm d‘Auer. 4) Bio kann d‘‘Welt net ernähren, well den Ertrag vill méi kleng ass, ass also ee Luxusproduit. 5) Bio brauch vill Bio-Dünger = Piff a Mëscht, duerfir schléisst sech vegan a bio aus. Mir brauche vill Kéi fir biologesch düngen ze kënnen. 6) D‘Unzuel vu Kéi pro Haff an der EU ze decklen mécht kee Sënn wann an aner Länner bis zu 50000 Kéi op enger Farm gehale ginn.
-
KengduebelMandater17.02.2024War nie an engem large scale. Hu mir Antikierper op meng Käschte tedte gelos. Hu mol keng. Demno nie positiv gewiescht hun awer der Geselldchaft hier Tester an lo hier Impfunge matbezuelt. Wat well der nach vu mir
-
haldechkleng17.02.2024Den Macron huet him jo gewisen wéi dat geet, vum selwen wier hien net drop kom 😋😋
-
Elo_haal_awer_op17.02.2024Ech fanen et flott dass och emol Kardiolog am Studio as. War en ganz flotten Reportage well de Mann wees vun waat e schwetzt. Och ganz intressant well iwert de Long Covid geschwaat gin as well daat emer vergiess get. Ech war selwer bei dem Dokter no enger langer Odysee an hien hued mir durch e Medikament zu enger neier Liewensqualitéit verholef . An daat an enger ganz schwacher Dosis. Esou Dokteren gin et der net méi vill.
-
luxusbuerger17.02.2024Des Fakten si korrekt. Hei muss een dann awer och a Betruecht zéien datt des 'natierlech' Immunitéit eng dach begrenzt Liewensdauer huet. Also hei och de ganzen Kontext betruechten. Et ass och wëssenschaftlech erwissen datt, vereinfacht gesoot, eng iwwerstaanen Infektioun (am beschten dann net onsymptomatesch) den Equivalent zu enger Dosis Impfstoff ass. Also just ee begrenzten Schutz bewierkt, sowuel an der Dauer wéi och bei de gesondheetlechen Auswierkungen op de Mënsch. Dofir, ass ee kompletten Impfschéma, mat drei Impfungen (oder zwou an eng iwwerstaanen Infektioun) dee beschte Schutz souwuel fir deen eenzelnen Mënsch, wéi och fir déi ganz Gesellschaft duerstellt. Dofir sinn ech zu 100% iwwerzeecht, an dëser besonnescher Situatioun wou mir elo 2 Joer dra sinn, datt et noutwenneg ass eng allegement Impfpflicht anzeféieren. Begrenzt an der Zeit an encadréiert mat den néidegen Mesuren an och Opklärungen.
-
Knadderhary17.02.2024An den Jempi?
-
Meckerhary17.02.2024Daat selwecht waat déi aaner all spcken, just am rosarouden......