FOTOEN - Police mellt
Sportswon op der Kopp zu Bëschrued
Photo: Vanessa & Leigha
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
KriteschKritik15.02.2024Fréiher zu menger Zait war ett soi-disant eng obligatioun Klibberen ze goen! Wor praktesch e skandal wanns de als jonke Mënsch oder Massendënger nett matgang bass! Haut ass ett, wann iwerhaapt nach, a volonté....
-
Maulwuerf15.02.2024Tjo kee Wonner, den Auto ass a bléift dat flexibelst a bequemste Mëttel fir iwwerall an zu jidder Zait hin ze kommen. Et brauch een kee Fuerplang, era klammen an fort geet et.. an virunallem et brauch een kee Gepäck ze schleefen, ausser déi puer Meter vum Zëmmer an d‘Garage oder wou soss den Auto steet.
-
Majo_secher_dat15.02.2024Bei engem Land, oder éischter gesot engem Kontinent, dee brennt, kënnt et op e bessche méi oder manner net méi un. Dat as iwrigens eng vun de gréissten Drecksschleideten op der Welt déi absolut näischt mat CO2- Reduktioun um Hut huet. An elo komme nach déi Bëschbrän dobäi. Vive les dégâts.
-
Aniwregens15.02.2024Dat do ass wierklech eenzeg an alleng fir di aal Dämper aus den 80er a gro Ex-Hippien aus de 70er zefridden ze stellen, déi haut zur tippesch grénger Wielerschaft gehéieren. De Schwaarzmaart an d’Dealere wäerte nämlech net verschwannen, schonns alleng fir di vill mannerjäereg Konsumenten ze beliwweren. Et wært sech also guer näischt zum besseren änneren. Éischter am Géigendeel.
-
Eieiei15.02.2024...wéi stoung an der franséischer Press ze liesen " Wout VAN AERT mi-humain, mi moteur". Dat ass genau beschriwwen wéi den säi Leader Primoz Roglic di läscht (schwéier) Etapp begleet huet, an him domat d'Victoire am Classement général erméiglecht (gesëchert) huet. Den Alex Kirsch huet eng formidabel Impressioun gemaach wärend dem Paris-Nice 2022, wat drop hoffe léist, dass hien optimal däerft préparéiert sinn, vir "Eendagesklassiker" ! Et ass him ze wënschen, dass hien bis dohin, ouni krank ze ginn, oder Verletzung sech weider ka virbereeden...bonne chance gewënscht a mir freeën eis schonn ob seng zukünfteg Coursen an hoffentlech gutt Klassementer ....
-
Baam15.02.20244 Corona-Fäll zu Lëtzebuerg, an Zingdausenden vu Kanner op der Welt, déi all Dag un Honger, Krankheet, erfir geruff durch Hygienemangel, stierwen. Honnertdausenden vun Déieren, déi all Dag onnëtz gequält gin. Corona ass en "natiirlechen" Phänomen (ech gleewen net drun, dass en an enger Fabrik geziicht gouf), déi aner Saachen sin vun eis gemeet. Wat ass also schlëmmer fir d'Welt ?
-
Knouterer215.02.2024Déi fréier Seppelen sinn iwerall gefroot.🤣
-
Gaardebounen15.02.2024Onverdengt verluer. Schued well et war eng gudd leeschtung