FOTOEN - 112 mellt
Bus op der Kopp zu Weilerbaach
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Trulla11.02.2024virun 25 Joer war ech all Daag op der Four, d' Dikrecher Beierstuff huet ganz Paien vun mier (net nemmen vun mier) kritt ... an et war flott. Dei lescht Joeren war ech 1x, allerhechstens 2x mat den Kanner do, e puer Spiller, eppes Iessen, daat war et. Alles huet seng Zeit an et soll een net vergiessen. (iwwregens, esou een Beierglaas huet 26 Rillen ;) )
-
Mister X11.02.2024En No Go, als medizinescher Grënn (mat Ordonnance vum Dokter) jo awer net eng Drog legal machen! Kann dat net no vollzéien, dass Regierung erlabt, dass en sech kann zou kiffen. Wat fir eng Gesellschaft kréien mir do an Land? An Holland dierfen just Résident kiffen, awer dat as just eng kleng brems, well op all Eck en Dealer steet déi verkaafen wëllen! Grausam wat fir Leit en do geseit :(
-
Majo_secher_dat11.02.2024"mä bon, an der Industriezon bei der Diddelenger Autobunn bleift et lo mol schéi roueg, d'Déiere kënnen zefridde sinn": ass daat fir den Här Grotz eppes Negatives??? Net am Stau stoën ze musse, Rou an eng Intakt Emwelt sinn och Valeuren déi eng Berechtegung hunn.
-
WaatSaachen11.02.2024Mi zéien nach emmer dat grouss Kapital op Lëtzebuerg. Dat verschaaft ons zwar am Moment prass gefëllten Staatskeesen, mais zu wat fir engem Preis? Et get Zeit fir eng Ännerung vun der Politik.
-
agentorange11.02.2024“Den éischten Deel vun hirer Ried wier ganz staark gewiescht” D’ganz Ried wor net schlecht, well se ganz vill Informatioun iwwer lafend europäesch Projetën, inklusiv deenen hire Stand an déi erreecht Resultater hat. Zuele goufe genannt. Soss héiert ee vun der Politik net sou vill konkret Donneeën. Dat wor natiirlech geduecht fir ze weisen, datt een eppes mécht. Mee et si jo Aktivitéiten, déi well méi laang gëtt, wéi z.Bsp. de Green Deal mat elo 3 Milliarden Investitiounen an de Waasserstoff fir d’Industrie. Oder de sougen. Global Gateway och. Do baut d’EU am Ruanda an am Senegal zwou Fabrécke fir mRNA-Impfmëttel fir Afrika ze produzéiren. Ähnleches soll a Latäinamerika passéieren. A Villes méi, wéi eenheetlech Steuervirschrëfte fir d’europäesch Geschäftswelt. Et kann een d’Ried noliesen. Do wonnert et awer, datt eis Deputéierten dat alles nawell sou abstrakt kommnetéiren.