FOTOEN - Tëscht Gouschteng an Roudenhaff
Schoulbus rennt an Drotiesel
Photo: stephalicious
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
DePefferkaerchen06.02.2024An zu wéi engem Präis !?!
-
Matbierger06.02.2024Deet mer leed, mais daat do ass erem en Beweis fier naiwt Gutmenschentum. Ech ging der Mme Kinsch proposéieren emol während 3 Woch entweder an d'Stroossbuergerstrooss oder aal an d'nei Avenue ze kommen an sech daat ukucken. D'Leit kréien d'Kellerdieren opgebrach hier Entréesdieren gin als Toilette benotzt. D'Leit kréien vun denen aarmen Drogéierten hiert Egentum futti gemét an verknascht. Wén schützt dann déi Bierger do virdrun, se mussen fier den Schued dén se gemach kréien selwer opkommen. Ech war och emol esou naiv, schaffen awer ewell zenter 5 Joer hei an der Stoosbuergerstrooss an ganz éierlech mäin Matleed ass séier verflunn. D'Leit hei gin vun der Politik am Stach gelooss, siewt et vum Minister oder der Mme Burgermeeschter. Et ging Zäit gin dass d'Leit nach méih op d'Strooss gin, well esou gut ewéi eis déi Politiker déi elo um Ruder sin wellen anrieden, esou gut gét et eis hei net. Well se den Leit schéin Geschichten erzielen, d'Wiehler awer am Stach loossen.
-
Waat_dann06.02.2024Bravo 👏 Schéi Leeschtung !
-
KNOUTERBATTI06.02.2024Greissten Schwachsinn ever dei Erklärungen! Oppen Sexualiteit vun 68’ soll dozou gefouert hun dat Paschteier Kanner vergewaltegt hun, hein? Waatglift?? Wanns de net u Gott gleews dann kanns de net Schlecht vu Gudd ennerscheeden? Meng Elteren hu maer Maneieren bei bruet a mech gezillt waat richteg oder falsch ass ouni jeemols vun Kierch geschwaat ze hun, ma nach eischter dogeint, weinst grad deenen Messbrauch u Kanner! An daat war mol Nr. 1 vun deem Verain🤦🏽♂️ Do kanns de dach nemmen de Kapp reselen wei dei d’Leit gaeren verdommen...
-
Kropefra06.02.2024Mech irritéieren dës Aussoen vum Här Clement komplett! Sinn d'Piraten elo déi Super-Gréng? Mengen d'Piraten tatsächlech, datt mat 150 Euro den Mount iergendeppes kéint kompenséiert ginn? Wéi wëllen d'Piraten dann d'Grundlast un Energie hei am Land garantéieren? Mat Wand oder Solar? Wann den Här Clement mengt, datt d'Leit den Tankrabatt mat den eegene Steiergelder subventionéiert hätten, dann gëllt dat och fir déi vun den Piraten proposéiert 150 Euro den Mount. En fin: denkt den Här Clement schonns un eng Regierungsbedeelegung 2023?
-
Fachmann06.02.2024Wéi culottéiert muss ee sinn a fir wéi eefalteg wëllt een d'Leit haalen wann ee mat Zuelen vun enger Etüd operéiert, wou en erschreckend héige Chiffer vu Beamten guer nët geäntwert hun?