FOTOEN - CGDIS mellt
Funiculaire op der Kopp zu Eschweiler
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Duke_of_Lux21.01.2024Egal wat 🙄
-
Nickla21.01.2024Sin zwar kéen vum Här Frieden senger Partei, iewer dat wat do gesot a proposéiert gouf, dat as iergendwéi verständlech a logesch. Dem jetzege Premier an senge Ministeren, as jo nët méi nozelauschteren. Déi aktuell Regierung as um Enn ukomm, 2 Legislaturperioden wou all Partei mache ka wat se wëllt, e Premier ouni Linn, an déen jidderée gewärde léist, dat kann net esou weidergoen.
-
Yuppy21.01.2024Traureg déi Affär 🙈🙈🙈 Gleich gesinn mir ob dennen honnert Meter k🐄🐄🐄 laffen.
-
Kriddelschass21.01.2024De Lëtzebuerger Code de la Route ass dem Vertrieder aus dem Nohaltegkeetsministère kloer genuch. Hahaha.... Mol Uerdnung an den CdlR brëngen, da versteet den normale Bierger en och. An, wann se sech alleguerten am Verkéier behuelen a géigesäiteg respektéieren, da geet et och gudd.
-
Virwatnet21.01.2024Et hun nach mei Leit haut Gebuetsdaag an muer an iwermuer an sou weider, ass irrelewant
-
Virwatnet21.01.2024Et ass zenter Joeren net méiglech mam Unterrichtsministere eng astänneg Kommunikatioun ze hunn. Den Här Minister schwätzt seng Reforme mat rethoreschen Mettelen schéin. Kritik get net eescht geholl. Um Terrain ännert näischt. Reforme vun 2009 hun net gegraff, sin net emgesat ginn. Naischt get serieux evaluéiert. Fakt ass, dass mer an den internationalen a nationalen Studen emmer mei schlecht do stinn wat Kompetenze vun de Kanner ubelangt. Parlamentaresch Froen sinn e souffrance.. bei 16 Froen ass den Delai depasseier. Op Pressekonferenzen reegen Journalisten sech op well se 6 Meint keng Äntwert kreien. Dat ass alles net mei ok.
-
Elo_haal_awer_op21.01.2024Enn den 90er hunn d’ Jongsozialisten mam Lieutenant Représentant, also mam heitegen Grand-Duc iwwert d’ Republik geschwat, et war eng ganz interessant Entrevue fir déi zwou Säiten. Do hunn ech de Grand-Duc als äusserst interessanten an oppenen Gespréichspartner erlieft. Egal wat een fundamental vun der Republik oder vun der Monarchie hält, muss ech soen, onse Staatschef ass vill, vill méi oppen wéi déi mëscht d’ Politiker. Deemools ass grad d’ Dier opgaangen, wou mir grad mat him ugefangen hunn doriwwer ze schwätzen, fir matzedeelen dass ons Zäit eriwwer wier, also hien hätt enger Diskussioun problemlos kéinten aus dem Wee goen. Mee nee, hien ass opgestanen, huet déi Persoun (total erstaunt d’ Aen an de Mond grouss op) no baussen dirigéiert, an d’ Dir erëm zougemaach, an ganz cool mat ons iwwer dee Sujet geschwat.
-
DirtyHarry21.01.2024Because we all share this planet earth, we have to learn to live in harmony and peace with each other and with nature. This is not just a dream, but a necessity. - Dalai Lama -