FOTOEN - Tëscht Colmer an Herdermillen
Doudewon rennt an Autobus
Photo: Vanessa & Leigha
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Kriddelschass26.12.2023Aus dem Text geht aver net eraus wieviel mol an sengem lieven en sein Geschlecht kann änneren lossen? Dat könnt aver och en ganz groussen Problem gin well no epuer Joer kann en sech jo Wellen rem emorientieren, an dann...
-
Nei_Hei26.12.2023Sin zwar kéen vum Här Frieden senger Partei, iewer dat wat do gesot a proposéiert gouf, dat as iergendwéi verständlech a logesch. Dem jetzege Premier an senge Ministeren, as jo nët méi nozelauschteren. Déi aktuell Regierung as um Enn ukomm, 2 Legislaturperioden wou all Partei mache ka wat se wëllt, e Premier ouni Linn, an déen jidderée gewärde léist, dat kann net esou weidergoen.
-
EsouAwerNet26.12.2023Freier goufen et och vill Demoen,wou dei Jonk et organieseiert hun.Gut dass et do nach keng Sozial Medien gouf wou Leit hier Kommentarer geschriewen hun. Doen dei iech weih?Beanträchteg daat är't Liewen? Steieren se iech wann dei puer op Stroos gin? Mech net,also gesin ech keen Grond mein Frust hei eraus ze loosen. Leben und Leben lassen,as eppes waat ons Gesellschaft net mei kennt.
-
Knouterer226.12.2023Schalke war, ass ableiwt e Veräin ouni eng serieus Spëtz. Wéi hescht esou schéin an engem Sproch de Fësch fängt un beim Kapp ze stënken, an dat ass säit Joeren do de Fall.4 Traineren dëst Joer 19 an 11 Joer dat set alles aus.
-
BAARTJANG26.12.2023Schlemm datt kaum een hei eis Profien ennerstetzt , net ze verstoen......
-
Mister X26.12.2023Et wär interessant, wann RTL kéint méi genau beschreiwen, wat déi "Strofen" dann sin. Dann sollen d'Ami'en eben "sanktionnéieren", kommt, mär kucken no eis. T'ass wie beim Klima: Anstatt ze mengen, mat Geld wär alles ze regelen (woubäi eis Regierungen eis selwer bestrofen mat z.Bsp. elo +5 cts op de Benzin), sollten mär an Europa einfach ufänken, z.Bsp. keng "knaschteg produzéiert" Artikelen méi ze importéieren. Jo, dat heescht, mâr missten op en bessen Luxus verzichten. Mä wat wär dorun sou schlëmm ? Keng Handy'en, wou Stëcker aus china/Indien/Korea dra sin. Keng Fernseher aus Korea. Firwat Steaken aus Argentinien kommen loossen ? Wäin aus dem Libanon ? Kommt, fänken mär mol un ! D'Globaliséierung huet an d'Sackgaass gefouert.
-
geftzwersch26.12.2023Direkt mat machen ,well Musique ass dat schéinst op deser Welt egal wei eng Art vun Musique . Eis Regirung geheit esou vil Geld zu Fenster eraus , denken juste un Velos Breck zu Esch dei ken Mensch brauch . Hun een Guddenen Kandidat . Marion Welter