FOTOEN - Police mellt
Boot a Flamen zu Grondhaff-Schlass
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
gunman16.12.2023Die Schuh, der Schuhen, sou gëtt verbessert a bäibruecht. Hätt ech et net selwer gesinn, géing ech et net gleewen. D'ass jo gutt datt et déi Infrastrukture gin, mee qualifizéiert Personal, wou ass dat? An et gëtt es ëmmer méi gebraucht. De Wuesstem bréngt méi Negatives mat sech wéi positives. D'Elteren hun jo och quasi kee Choix méi a mussen hir Kanner dohinner schécken. Mee och dat ass gläich eriwwer, wa verschidde Leit bis mierken datt et méi bëlleg gëtt wann een Doheem bleift, ewéi schaffen ze goen ass et eriwwer domader. Da geet den Niveau och erëm erop an da geet GRATIS och net méi duer fir d'Leit ze lackelen. A mir wëssen alleguer datt "Gratis" net näischt kascht. Mir, och d'Elteren bezuelen de "Gratis" mat. An dat ëmmer méi. Et kënnt emmer manner eran an et geet ëmmer méi eraus. Gläich huet e Stoot geet näischt méi a senger Hand. Emol net seng eege Kanner.
-
Minettsdap16.12.2023Also Fridden ,mengen ech an mengem Liewen geet et keen mei😢😢😢😢😢
-
Letzebuerger_Patriot16.12.2023Enn den 90er hunn d’ Jongsozialisten mam Lieutenant Représentant, also mam heitegen Grand-Duc iwwert d’ Republik geschwat, et war eng ganz interessant Entrevue fir déi zwou Säiten. Do hunn ech de Grand-Duc als äusserst interessanten an oppenen Gespréichspartner erlieft. Egal wat een fundamental vun der Republik oder vun der Monarchie hält, muss ech soen, onse Staatschef ass vill, vill méi oppen wéi déi mëscht d’ Politiker. Deemools ass grad d’ Dier opgaangen, wou mir grad mat him ugefangen hunn doriwwer ze schwätzen, fir matzedeelen dass ons Zäit eriwwer wier, also hien hätt enger Diskussioun problemlos kéinten aus dem Wee goen. Mee nee, hien ass opgestanen, huet déi Persoun (total erstaunt d’ Aen an de Mond grouss op) no baussen dirigéiert, an d’ Dir erëm zougemaach, an ganz cool mat ons iwwer dee Sujet geschwat.
-
haldechkleng16.12.2023Ech mengen do huet vill Neid geschwat de moien, ech géif mol gär wessen wéi eng CSV oder ADR des Pandemie gemeeschtert hätt, gleewen net dass et besser wär,an et war keen den méi haut gejaut huet am Lockdown wéi d'CSV fir dass rem alles soll opgoen,et as immens einfach alles nemmen ze kritiséieren an géint alles ze stëmmen....
-
gestressten16.12.2023Erem Panik Panik Panik, awer genau daat ass gewollt.
-
Misanthrop16.12.2023Un d' CGFP... Setzt ierch och mol an fir dei ongerecht CO2 Steier oofzeschaafen an, nach eng Ongerechtechkeet, eroofsetzen vun der Mammerent nees op 60 Joer☝️☝️☝️
-
Elo_haal_awer_op16.12.2023A wien ass responsabel fir dee ganze Covid19 Misär? Dufunner gët nie geschwaat!
-
Gleewennetalles16.12.2023Majo secher… froot nach mei Fach…i..oten.. Da fann der gläich guer kee Personal mei.. Ass daat eng Angschtreaktioun op Quereinsteiger? Jojo, et ass batter ze mierken, dass ee Proff, net mei daat ass, wei fieru 40 joer
-
guy116.12.2023Hei hëlleft jommeren a jeitzen no der Politique naïscht. D‘Politique kann do naïscht maan, just eng Drëpps Wasser op e warme Steen. Hei spillt d*Gesetz vun Offre an Demande, Capitalismus pur. Kuckt op YT d‘Sendung vun „Tout Compte Fait“ iwert micro appartementer, „Plus c*est petit, plus c’est cher“ do gesid Dir wou d‘Rees higeht. Leit liewen an Miniverschléi vun ron 10m2. An auslänneschen Metropolen normal. Dofir gin dann 500€ de Mount bezuelt 😢 https://www.youtube.com/watch?v=fG8LHzqnGmU RTL Link w.e.g. löschen wa net ok