FOTOEN - Tëscht Follmillen an Wickreng
Camion rennt an Käschtebam
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Knadderhary09.12.2023Dee Mann huet wéinstens eppes ze zielen, ze soen. An dat, ouni Blumm virum Mond. Et mierkt een, dee kënnt vum Terrain; aus der Realitéit. Di politesch Verantwortlech hunn ëmmer aner Zuelen virun sech leien, där verschéinerter schéngt et, wann si an der Ëffentlechkeet untrieden. Do ginn et ëmmer nëmme minim Differenzen, am Verglach mat virdrun. Et ass jo awer och genau déi presentéiert Realitéit, déi d'Leit dobaussen, doheem, iergendwéi spieren, mierken, an dat souguer ouni konkret Donnéeën. Net nëmmen an deem Beräich! Interessant wier et och, gewuer ze ginn, wien sinn déi Täter, a wien déi Opfer. Dat da vläicht fir di nächste Kéier, no de Walen, wann dee Mann dann nach iwwerhaapt d'Méiglechkeet kritt, an e Mikro ze schwätzen.
-
Enn_Letzebuerger09.12.2023Muss da jideren Intensivpfleg kreien. Kann en net mol ofweien a soen wann sequellen durno mei schlemm sin wat huet de Patient dovun. Iwerliewen ouni Liewensqualiteit.nee merci dat hun e h schreftlech gemach. Durch d'Liewe quälen fir all Preis wei egoistesch as dat dann
-
Knadderhary09.12.2023Ech reselen de Kapp... déi Meldung un d'Presse war just fier d'Inland geduecht fier de Leit hei am Land Sand an d'Aen ze streen... reng PR! Als Greng an d'Flillecken klappen dass de Wieler hei mengt, gréng Politik géing onser Regierung um Härz leien. Wann sie et eescht mengen géif, hätt sie sech mat onsen belschen Noperen a Kontakt gesaat. Vlaicht soll se sech einfach weider ëm letzebuerger Gardenheisercher këmmeren. Daat wierkt!