FOTOEN - Tëscht Bakesmillen an Krautem
Yacht kritt Rousestack ze paken
Photo: el freddy
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Nickla08.12.2023Fier mech woar et keen Goal; eng Fro awer, gouf de ball nit mat der Hand vun engem Oofwiehrspieler ugehaalen ?? francis
-
Majo_secher_dat08.12.2023Di fräi Meenungsäusserung, déi mer ëmmer méi verteidege mussen, kann duerchaus geféierlech ginn, wann an enger Äusserung Falsch- oder Feelermeldungen dra leien. Sou schreift den Auteur: „... bekommen nun auch Jungen eine Gebärmutterhalskrebsimpfung verpasst, was wohl jeden halbwegs vernünftig denkenden Menschen staunend und sprachlos zurücklässt.“ Wann een sech bei der richteger Quell informéiert (http://www.who.int/mediacentre/factsheets/fs380/fr/), da wier sou en Ausrutscher ni geschriwwe ginn, an dee weist op e mangelhafte Kenntnisstand vum Auteur hin. Firwat dann d'Jongen och impfen: http://www.bag.admin.ch/themen/medizin/00682/00684/03853/index.html?lang=de do ënner „Publikationen“ Dee Virus ass nämlech net nëmme fir de Gebärmutterhalskriibs verantwortlech. E Bild seet heiansdo méi aus, wéi e laangen Text: http://www.cancer.ca/~/media/cancer.ca/ON/get%20involved/take%20action/what%20we%20are%20doing/HPV%20Campaign/CCS-Poster-Infographic--FRENCH.pdf All Medikament huet seng Niewewierkung(en). Leider! Wann een den Akzent just do drop leet, dann nëmme séier d'Fanger wech vun der Aspirine! Och kann een un eng Konspiratioun (vu weem och ëmmer) denken, am Sënn, lo kënnen d'Leit endlech fräie Sex hunn, ouni Gefor(en) ausgesat ze sinn. Wat sou, trotz der Impfung, net stëmmt. Eng Impfung wierkt ëmmer nëmme spezifesch. Oder er denkt een un de Lobbyismus vu Firmen, Associatiounen, déi mat Hëllef vu Medikamenter räich wëlle ginn. Et kann een sech vill där Szenarien ausdenken; et ass awer keen derbäi, deen een als Eltere vu senger Verantwortung, de Kanner géinteniwwer, entbënnt. Schued eigentlech, datt d'Fraen d'Wuert net ergräifen, well et geet hei ëm hir kierperlech Gesondheet, an déi vun hirer Duechter; eng Gesondheet, déi duerch d'Männer kräfteg hypothekéiert ka ginn.
-
De_Jonggesell08.12.2023Eigentlich wollte ich mir auch so ein E-Mobil kaufen, aber nachdem ich mich informiert hatte, da wurde mir klar das der Turmes auch nicht übers Wasser gehen kann
-
EsoueweiEchdaatgesin308.12.2023Top dat do. Zu Bouffer (Bofferding) am CIPA huet Directioun, no 2 Wochen wou mer dierften eis Famill am CIPA besiche goen, net nëmmen nach keng Méiglechkeet geschaaf fir sech an engem Raum mat sengen Léiwsten ze treffen, nee wann een baussen stoe bleift fir mat der Mamm déi op hierem Balkon steet ze schwätzen, da gëtt ee vum Direkter vum Terrain vum CIPA eroof gehäit. An engem Mail un d'Familljen gëtt souguer kloer gesot Famill dierf just vum Parking um direkte Wee zur Entrée fir Wäsch etc. ze bréngen, an dann direkt rëm zréck bei den Auto. ET ASS NET ERLAAPT LÄNGER UM TERRAIN ZE BLEIWEN. Top Directioun vum Servior CIPA vu Bouffer. Schéinen Sonndeg Winandy Claude
-
Kropefra08.12.2023A genee dat ass de Problem mat deene Gréngen Iddien: et ass eng Lobby fir déi Leit, déi well déi néideg Suen hunn fir (guer net esou ekologeschen) E-Auto, Geothermie, Passivhaus etc. Déi Leit kënne sech de Luxus leeschten, hirt Liewensëmfeld no esou (dach eigemtlech gréisstendeels luewenswäerte) Kriteren ze gestalten. Déijéineg, déi sech dat net leeschte kënnen (ma vläicht och gär géifen), gi nach méi ausgeholl: well och wann d'Aarbecht da manner besteiert géif ginn (wat nach ze beweise wier), dierft dat wuel ni duergoen fir e käschtendeckende Waasser- a Stroumpräis ze bezuelen oder sech e Passivhaus ze bauen ... woubäi mer dann erëm beim Thema Buedemverbrauch ukomm sinn.