FOTOEN - Tëscht Grëmelischt an Lampech
Fliger kënnt net laanscht Doudewon
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Enn_Letzebuerger08.11.2023Mon eppes Sennvolles fir den Handy
-
Neckel300008.11.2023Ech ka nëmmen de Kapp resselen bei esou vill Dommheet an ee flagrante non foutisme mat eise Stéiergelder. Si sollen op de Mound fléien, hee mat huelen an dann do lossen. Da si mir en lass....pour de bon.
-
DatAssMengAnalyse08.11.2023De Lëtzebuerger Code de la Route ass dem Vertrieder aus dem Nohaltegkeetsministère kloer genuch. Hahaha.... Mol Uerdnung an den CdlR brëngen, da versteet den normale Bierger en och. An, wann se sech alleguerten am Verkéier behuelen a géigesäiteg respektéieren, da geet et och gudd.
-
Knouterer208.11.2023Fier mech woar et keen Goal; eng Fro awer, gouf de ball nit mat der Hand vun engem Oofwiehrspieler ugehaalen ?? francis
-
Mister X08.11.2023Eng gerecht Autossteuer kann mëmmen iwwer déi gefuerte Kilometer gerechent ginn nom Prinzip vum pollueur payeur...
-
Populiste08.11.2023Jalousiteit ass schlemm ! Ech selwer verdengen 12.000 €, meng Fra 11.000.-€ an villen eis ennerbezuelt. Wien vill schafft an Responsabiliteit huet muss eben vill verdengen
-
Gleewennetalles08.11.2023Herr Bettel,Mme Lenert Gastronomie 23 Auer dicht,2100 Neinfektiounen,dir selwer sot,dat bescht ass nach emmer Kontakter vermeiden,dann erkläert mer w.e.g wisou elo schonns nees Reklamen op Volltouren lafen fir verkafsoppen Sonndeger mat iwwerfellten Surfacen,merci
-
LibrePenseur08.11.2023Ech sinn zimmlech grouss, an hun doduerch vill Probleemer mat méngen Réck. Well ech nët dofir kann, dat ech esou grouss sinn, hätt ech gär 2 Deeg Congé zousätzlech pro Mount, zousätzlech zu den normalen 3 Deeg Maladie, d'EU ee bei Bedarf kann huelen. Merci.