FOTOEN - RTL EENT war live dobäi
Oldtimer a Flamen zu Wandhaff
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Waat_dann21.10.2023Verkéiersproblem zu Dideleng, jo dat as scho méi wi ée Problem. Keng Planung, keng Visioun a wahrscheinlech kéen Interessi vun der Gemeng, sou kann éen de Verkéiersproblem zu Dideleng beschreiwen. De neie Rond-point ënnert der Autobunn fonkzionéiert null. Rond-point Biereng fonktionéiert nët am Gerengsten. Eppes éemoleges gët et zu Dideleng, eng flott Ëmgehungsstroos aus Frankräich, gët dann no riets matzen an den Zentrum geléet. Einmaleg..... dat as Verkéietsplanung, wëll nët wëssen wat de neie Quartier nach wärt brengen.
-
nizefridden21.10.2023E gudden kommentaire, mee wann een déi politesch ideologie am Kader vun enger moderner Familljepolitik vun Gambia kennt, ass dei mesure vun der gratis maison relais eng logesch konsequenz....🤷♂️ Heescht nett dass ech se gudd fannen....Kanner sollen doheem erzunn gin!😉
-
agentorange21.10.2023Impfung wärt net obligatoresch sin...mee sidd iech bewosst..dann bleift dir doheem...
-
Egalwat21.10.2023wennt menger breichten se guer net unzefänken.
-
Eieiei21.10.2023Madam Ministesch schengt net ëmmer ze wëssen wat hei am Land leeft. Si seet si wären ganz fréih aktiv gewierscht an den Altersheemer. Weiderhin schwetzt se vun brutalen Zoustänn an aneren Länner matt méintelangem Besuchsverbuet fir Famill an den Heemer. Ech dierf drun erënneren dass genau den méintelangen Besuchsverbued hei am Land di batter Realitéit wor. Demols sin nach wochelang Pensionnairen infizéiert gin well d'Personal keng Masken a.s.w. hat. Duerno ass verpasst gin fir Konzepter an eng Teststrategie fir Personal an Résidents duerchzezéien. Elo gin dann di meescht Infizéiert net méi hospitaliséiert, sondern leien an Covid-Statiounen ouni optimal Betreiung an den Heemer. Iwer d'Halschent vun eisen Doudeger kommen aus den Heemer. Bescht Gréiss 🩺
-
jangmetti21.10.2023An denen 7 Joer wou elo schon all Dag duerch den Tunnel fueren war do net oft ee Accident. Déi meecht Stauen vun Däitschland aus sinn well erem eng Säit zou ass wéngst Maintenance. Ech kann och bezeihen dass do regelmässeg mat 110km do d'Leit duerchgefuer sinn, awer normalweis ouni dass et geknuppt huet (Gott sei Dank) Wann ech haut mam Tempomat ob 90 do rafueren da léisst hie mech matrou, och wann ech matzen am Tunnel net méi un hien denken. :-) Wat ech awer net verstinn, wann ech a mäin Auto klammen an den Trafic ob RTL lauschteren, da si gefillt iwwer 95% vun den Accidenter ob der A13 am Westen. Eileréng ass zum Beispill uewe scho genannt ginn. Virwat also ee vun den éischten Streckeradar ob sou enger rouecher Plaz installéiert...? Den zu Gonnereng, also ob der Echternacher Streck, huet ouni Zweifel vill Liewwen gerett, mee am Markusbierg Tunnel... Géiff do gär d'Raisonement vun den Responsablen wëssen.
-
de-ben21.10.2023Genuch : daat ass bësse jhust Gutt : daat wär ideal Iwwerfiddert : wéi an dësem Fall, ass definitif schlecht
-
Minettsdap21.10.2023Dass e puer vun deene villen Shopping Centeren net ginn, wonnert mech guer net. Zu Lëtzebuerg brauche mir guer net esou vill Shopplngcenteren an mat Homeoffice ginn nach vill manner Leit z.B. op d'Cloche d'Or. De 'normale' Lëtzebuerger geet souwisou am léifsten an d'Belle Etoile oder an d'Concorde. Dat ass bal wéi een Ausflug wou e sëcher ass Kënneger ze treffen a bei engem Kaffi poteren ze kënnen. Bei deene neien Adresse, Belval, Cloche d'Or oder vàv vun der Philharmonie hunn sech e puer Investisseuren a Geschäftsleit ferem verspekuléiert.