FOTOEN - Tëscht Saitert an Waldberg
Ramm kritt Lann ze paken
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Josy_Barthel20.10.2023No den Eu-Kandidatewalen e Samschde, ass dann wuel d‘Opspléckung vun der Partei ugesot. Et dierf een gespaant sinn wien am Coole Grupp, a wien an deem anere Grupp wäert sinn.
-
Populiste20.10.2023Impfen jo, Astra nee. Ech wollt en no dem ganzen hin an hier net mei an wann een sech net gudd bei eppes fillt soll een et net maan. Dofir huet dann en aaneren Mensch Dei Dosisen mei wou ech do net profiteieren. Fannen et awer top daat esou en Cite gemaat gouf daat mer dei Leit wou domadden keen Problem hun geimpft kreien. Get jo keen gezwong an daat as Haaptsaach.
-
den_hexemeeschter20.10.2023Mimimi. An ENGER Saach huet d?Madamm Brasseur awer Recht, d'Leit hunn ess EFFEKTIV genuch a sinn degoûtéiert ass vun deene rezenten Exzesser, awer éischter di Exzesser vun den Politiker géijeniwwer vun den Bierger an der Gesellschaft!
-
haldechkleng20.10.2023Lëtzebuerg, Stand elo: Infektiounen: 318344 Infektiounstaux: 49,2% Doudesfäll: 1222 -> Lethalitéit: 0,4% vun den Infektiounen Aner Zuelen zesumme mat anere Länner an Europa: 0,02% méi schwéier Problemer pro Impfdosis Dat si 0,0005% vun de geimpfte Persounen, ca. 2 mol méi héich wéi bäi aneren Impfungen Long Covid: net ganz kloer, ënner 1% bis 14% bezunn op Infektiounen an ofhängeg vun der Virusvariant. 0,00006 % Doudesfäll no Impfung a bezunn op all d‘Impfungen
-
KNOUTERBATTI20.10.2023...wéi stoung an der franséischer Press ze liesen " Wout VAN AERT mi-humain, mi moteur". Dat ass genau beschriwwen wéi den säi Leader Primoz Roglic di läscht (schwéier) Etapp begleet huet, an him domat d'Victoire am Classement général erméiglecht (gesëchert) huet. Den Alex Kirsch huet eng formidabel Impressioun gemaach wärend dem Paris-Nice 2022, wat drop hoffe léist, dass hien optimal däerft préparéiert sinn, vir "Eendagesklassiker" ! Et ass him ze wënschen, dass hien bis dohin, ouni krank ze ginn, oder Verletzung sech weider ka virbereeden...bonne chance gewënscht a mir freeën eis schonn ob seng zukünfteg Coursen an hoffentlech gutt Klassementer ....
-
Meckerhary20.10.2023Wees wien keng Stemmen kritt vun mir.
-
LuxTroll20.10.2023Zu Letzebuerg muss een entweder schon een bekannten Politiker an der Famill gehaat hun oder wei d'Madame Minella bekannt aus dem Sport oder den Medien sin. Wat och obfällt ass dat wann een uewen ob enger Lescht steet och eng fill mei grouss Chance huet gewielt ze gin. Dofir gett et immens fill Politikerinnen an Politiker dei een Mandat hun deenen hiren Famljennumm mat A, B oder C ugeet. Esou een Systeem feiert dozou datt Leit mat Kompetenz an politeschen Visiounen mais ouni des Privilegien kaum eng Chance hun sech kennen duerchsetzen. Das misst onbedengt geännert gin zb daduerch dat just nach Parteien gewielt gin mais keng Käpp.
-
Letzebuerger_Patriot20.10.2023Esou éwei héi liest ass ett einfach ze verstoen. Déi matt vill Geld wëllen datt nett. All déi anner matt manner oder kéen Geld fannen datt gudd als Solidartät.