FOTOEN - Police mellt
Cabriolet a Flamen zu Stadbriedemes
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Fachmann28.08.2023Dee politesche Gruppement, deen di meeschte Stëmme kritt, deen designéiert dem JCJ säin Nofolger. Sou, di intern Reglementer. An dat, onofhängeg vun hirem Gebraddels am Virfeld, a virun der Kamera. Mir wësse jo elo schonn, wat NO de Walen op eis duer kënnt! Stëmmen, déi di zwee kréien, also hire Gruppement, kréien anerer net! Déi wëssen, datt se sech iwwer d'EU-Wale just méi "legitiméiert" spiere kënnen, awer net méi. Vläicht bléid och béiden, Enn Mee, eng fatzeg Iwwerraschung?
-
de_Fern28.08.2023Ech wees vun 1 Hotel deen sait min.20 Joer verfällt op enger Haaptstrooss am Norden; firwaat trött de Staat do nöt un d'Ierwen erun fir daat an d'Hand ze huelen oder ze enteegnen, dass deen trauregen Schandfleck oofgerappt kann gin?? Enteignung geet jo, hun mer schons gesin am Ländchen!! An dei vill eidel Büroflächen, dei kéinte jo a Wunnraum omgeännert gin; fannen nöt gudd dass all Wiissen an Acker zoubetonéiert gin!!! An verbidd endlech déi Schottergärt, Politik soll sech ee Beispill huelen un den naturbewossten Hollänner !!!😡
-
den_hexemeeschter28.08.2023Här Schmidt, et deet mir leed, dass dir sou eng Erfahrung musst maachen. An leider sidd dir keen Eenzelfall. All déi Experten déi eisen Schoulministère anscheinend agefouert huet, gëtt et leider vill just um Pabeier. An de Schoulen selwer gesait een se net wierklech. Et ass och esou, dass vill Lehrpersonal am Reen stoen gelooss gëtt. D’Enseignant sinn jo net Expert wann et z.b.ëm Hyperaktivitéit, Autismus, Sproochschwieregkeeten an sou weider geet. En Diagnostik kënnen an dierfen se jo och net man. Oft gëtt dann ëm Hëllef gefrot mee et ass keng do! Oder gett et och den ëmgedréinten Fall, dass Elteren naischt dovunner wëssen wëllen an dann och naischt kann gemaacht ginn. Ech hunn grousse Respekt virun Elteren wéi iech, déi net opginn an sech fir hir Kanner esou ansetzen. Courage