FOTOEN - Tëscht Diänjen an Déierbech
E-Bike kënnt net laanscht Déngschtwon
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Waat_een_Kaabes27.08.2023Wann een héiert, dat Leit scheinbar kee Printer hunn... awer dann all Joers den neitsten Handy. Och d’Argument matt de Cartouchen weist, wéi wäit d’Leit denken. Da kaaft iech en anstännege Laserprinter, dann hutt der dee Problem net. An op d’laang Weil gëtt et och méi bëlleg wi mat äere Wegwerfprinteren. Et muss een sech och mol bessen informéieren ier een egalwat keeft.
-
Kriddelschass27.08.2023Eng Nato gouf nom 2. WK gegrënnt fir dMembersLänner ënnert sech ze schützen via kollektiver "military response" am Fall wou een oder méi vun hire Memberen ugegraff ginn. Dofir sollte mir 2% vun onsem BIP zur Verfügung stellen. Vietnam, Afghanistan a Mali sinn net Member vun der Nato, do hu mir à priori näischt verluer. Héchstens fir punktuell a müscléiert Attacken op TerroristenNäschter, also Al-Quaida a Co. Déi Band gouf relativ séier ausser Gefecht gesat an domat hätt onsen Asaz missen ophalen. Esou wor et jo och am Kuweit wou de Generol SCHWARZKOPF gaangs no sénger "mission accomplished" dBlat gebotzt huet. Ons Regierung huet op alle Fall näischt bäigeléiert fir elo, knapps, datt onsen A400M nees zeréck aus dem Afghanistan ass, elo Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali geflunn huet wou et jo och drëm geet fir géint Islamisten ze kämpfen. Am beschte schütze mir ons op onsen EU-Bäusse-Grenzen. E Mali Asaz misst vum Vollék via Referendum geneemegt ginn. BasisDemokratie! Gréng?
-
Wuermdran27.08.20237,8 Mio mecht dann ronn 130000.- Euro pro Deputéierten aus, plus e Parking fir d’Velosfuerer an de Congé politique….an, an fir waat ze machen. Fir ze neipen, mam Smartphone ze spillen a wann et em eegen Interessien geet mam Kapp ze wenken.