FOTOEN - Tëscht Bärel an Blaaschent
Schëff rennt an Nëssert
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Die_Wahrheit26.08.2023Ech kann nëmmen äus Erfahrung soen, datt déi mëschten Äuslänner sech nët fir lëtzebuerger Politik interesséieren, do kann een souvill Informatioun bedreiwen wéi ee wëll! Vill vun deenen Äuslänner kennen keen deen op deene Lëschte steet a si just frou wann se all Mount finanziell iwwert Ronne kommen, de Recht as hinnen egal. Ech haat mol viru längerer Zäit, et war déi Zäit wou de Juncker nach Premier war matt verschidden Äuslänner geschwaat, déi woussten mol nët datt mir éng Monarchie sin an e Grand- Duc hun, déi duechten tatsächlech den Här Juncker wier Präsident vu Lëtzebuerg! Fir mech wëll déi Asti sech nëmme wichteg maachen a sie liewen an énger illusorescher Welt! Den mëschten Äuslänner as et zimlech egal op lo éng CSV, LSAP, DP, KPL, GRENG oder wéi éng Partei och ëmmer um Rudder as, si kenne keen Ënnerscheed zwëschen deene verschidden Parteien! Do kënn der souvill Informatioun bedreiwen wéi der wëllt!
-
Tata-Sidoni26.08.2023...Mënschlechen Aarmut, genau déi Beschreiwung passt op dat wat de Moment op der Tierkesch Griichescher Grenz geschitt ! Den Här Erdogan bei dem bis elo Milliounen Flüchtlingen "geparkt" goufen, an hien duerfir ganz ferm a vill finanziell Mëttelen vun der EU krut, a weider Milliounen fuerdert...vir eis virun der Invasioun vun deenen Leit déi viru Krich an Elend aus hirer Länner flüchten an iwwerfëllten aremséilegen Lageren dobehält… D'Griichen ville sech ...a mat Recht.... zimmlech am Stéch gelooss vun der EU, well si de Pech hunn am nächsten vun der Tierkei mam Flüchtlingsdrama konfrontéiert ze sinn...villes vun der EU versprach kruten, mä ganz wéineg ëmgesat ! ..a wat mech EU....mir diskutéieren an déi di am allermeeschten vun der EU gehollef kruten, speziell Länner wéi Ungarn, an aner Staaten aus dem fréieren Ostblock, ….déi blockéieren alles a refuséieren och nëmmen een eenzegen Flüchtling bei sech Asyl ze accordéieren ! Et ass eng desaströs lamentabel an inhuman Situatioun...vu Mënschen verschëllt...an elo ze gesinn, mat wéi engen Mëttelen Tierken a Griichen "hir" respektiv Astellung zum Problem weisen, net akzeptabel dass Tierken mat Falschinformatiounen d'Flüchtlingen op Griichesch Grenz lackelen….an d'Griichesch "Grenzschützer" déi mat Gewalt op d'Flüchtlingen andreschen….an esou guer op se schéissen !!!!!! ...dass einfach degueulasse an e "Mënschlechen Aarmut" wéi d'Madamm Maxime Gillen an hiren commentaire ausdréckt trëfft den Nol op de Kapp ! Ganz grousst Kompliment un eisen Ausseminister, den Här Jean Asselborn, den Flüchtlingskanner (...wann ech richteg informéiert sinn, sinn et Kanner déi net vun Erwuessenen begleet sinn) ugebueden huet se hei zu Lëtzebuerg opzehuelen an no hinnen ze kucken …..Chapeau Här Asselborn !
-
Meckerhary26.08.2023Wéi lang brauch eis Bevölkerung nach de Beweis dass Kapitalismus ee kranke System ass deen total bei der sozial gerechter Verdeelung vum Geschäfter en Reichtum versoot. Lo geet de Finanzminister rëm bei d’Steierzueler, Aarbechter an TVA Kotisanten Souen sichen fier krank Betrieber an engem kranken Kapitlismus ze ënnerstëtzen. Si kee Frënd vun der CSV, mee wann ech daat kucken waat déi biergerlech 31/29 Koalitioun opféiert, vermëssen ech déi gudd aal chrëschtlech sozial Wirtschaftsléier. War nët an allem optimal, mee d’Schéier tëscht Armut a reich war manner exponantiell wéi seit mer Bëttel 2 hun !
-
Nei_Hei26.08.2023All guddes gewenscht
-
Nei_Hei26.08.2023wien seet mir dann,dass dat wat du ugewisen gëtt och richteg ass! Oder muss ech dann nach eng -kéier hannen um Pak kucken op dat och stemmt?
-
Waat_dann26.08.2023Här Asselborn, mat allem Respekt, mee waat gëtt ët do nach ze diskutéieren!? Vill ze laang kuckt dir schonn dëm Putin sängem onmënschlëche Regime durech d'Fangeren. Act Now !!! Och wann d'Sozi'ën sëch méi zu Russland hii gezu fillen! Merci....
-
Kropefra26.08.20231) Ouni Bauer, kee Wees, kee Brout! 2) Ouni Bauer, keng Kou, keng Mëllech! 3) Ee Bauer schafft all Dag rondrëm d‘Auer. 4) Bio kann d‘‘Welt net ernähren, well den Ertrag vill méi kleng ass, ass also ee Luxusproduit. 5) Bio brauch vill Bio-Dünger = Piff a Mëscht, duerfir schléisst sech vegan a bio aus. Mir brauche vill Kéi fir biologesch düngen ze kënnen. 6) D‘Unzuel vu Kéi pro Haff an der EU ze decklen mécht kee Sënn wann an aner Länner bis zu 50000 Kéi op enger Farm gehale ginn.