FOTOEN - Police mellt
Firmenauto a Flamen zu Fielsser Schlass
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
tetrapack19.08.2023LSAP bedeit eng schläichend Enteegnung vum Vollek. Mat der uviséierter Logementspolitik hun d Leit zwar en Dach iwwert dem Kapp, awer och soss näischt. Un d Kanner ze verierwen gëtt et dann och näischt méi. Déi ginn dann och hirt Liewen lang lounen an bezuele mat hirem Loyer anere Léit hir Häiser. Esou geréit de Wunnraum am Land ëmmer méi an d Hänn vun ëmmer manner Léit. Et muss een sech bewosst sinn dass der LSAP hir Chancëgläichheet an Gerechtegkeet just eent heescht, nivellement vers le bas. Et soll keen mengen et géif hinnen drëms goen dass déi Aarm zu eppes kommen, nee et geet drems dass déi wou eppes hunn härno och näischt méi hunn. Déi Politik suergt just dovir dass de Besëtz ëmmer méi an d Hänn vun wéinegen geréit. An de Recht gëtt mat Almosen vum Sozialstaat esou just iwwer Waasser gehal. Dat ass et wat Sozialismus heescht.
-
MELLECHKOU19.08.2023E-Auto (komplett oder hybrid) sinn eppes neies, also muss nach vill gescheien fir dass et sech verbessert an accepteiert get. En hierkömmlechen motor huet een ganz groussen nodeel. Et muss eng linear bewegung (Kolben am zylinder) an eng rotativ emgesaat gin duerch d'cadran-wellen. An bei deer transformatioun geet vill energie verluer. Et gin ongefeier 20% genotzt vir den auto virun zebrengen. Den rescht get an hetzt emgesaat. Den elektro- motor huet dat probleem net. Duerfir mol ofwarden waat kennt. Et ass komesch dass leit eng art glaubensbekenntness zum e-Auto oder zum B an D- auto machen. Et gouf emol vum WAnkel-motoer geschwaat an getest. Do kennt elo kaum nach eppes. Do hunn dichtungsprobleemer bestaanen. Mee do och war d'basisbewegung en rotativ. Mengen mam E-auto wieren d'verkeiersprobleemer geleist ass alt och esou en glawensbekenntness. Me alles op öffentlechen transport, en plus schinnen, setzen ass och gefeierlech. Ween dat net wellt glewen soll mol kucken waat schons e puer mool an Frankireich gelaaf ass. Do get regelrecht chantage gemeet. D'leisung leit wei emmer um goldenen mettelwee. D'freiheet vum enzelnen ass och eppes wert.
-
KNOUTERBATTI19.08.2023Liewensqualitéit, wat ass dat iwwerhaapt? Déi, déi elo iwwerall am Quartier kënnen um Vëloswee jauwen, déi soen: Super! Genial! Gëtt dee Wee mat Foussgänger gedeelt, da soen déi: Merde! Do hält da fir béid, eng gewësse Qualitéit op! Eng Spillplaz, déi och dee Numm verdéngt? Wou dach de ganzen Dag di zwee schaffen, an d‘Kanner gutt versuergt sinn. An di Leit, déi ronderëm wunnen, hätte gären hir Rou, net nëmme verdéngt, wann se vun der Aarbecht heem kommen. Wann ech jonk sinn, a selwer kleng Kanner hunn, dann ass meng Welt anescht, wéi schonn 10 Joer méi spéit, wann d‘Kanner beemool aner Interessie manifestéieren, wéi op d‘Spillplaz, am Quartier. Kann ee Liewensqualitéit op laang Siicht veruerdnen? Kommt, mir bauen eis en Duerf *, déi Kéier als Erwuessener. Op mer eis als Erwuessener wuel kéinten eens ginn? Cf. online "Town village" (op D an F)
-
tetrapack19.08.2023Eng kleng Verbesserung, ech wollt soen Joerhonnertelaang net Joerzengtelaang. Leider...