FOTOEN - RTL EENT war live dobäi
Campingcar op der Kopp zu Pläitreng
Photo: Sarah Tischler
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
WouereschtdeetWei01.08.2023Di fräi Meenungsäusserung, déi mer ëmmer méi verteidege mussen, kann duerchaus geféierlech ginn, wann an enger Äusserung Falsch- oder Feelermeldungen dra leien. Sou schreift den Auteur: „... bekommen nun auch Jungen eine Gebärmutterhalskrebsimpfung verpasst, was wohl jeden halbwegs vernünftig denkenden Menschen staunend und sprachlos zurücklässt.“ Wann een sech bei der richteger Quell informéiert (http://www.who.int/mediacentre/factsheets/fs380/fr/), da wier sou en Ausrutscher ni geschriwwe ginn, an dee weist op e mangelhafte Kenntnisstand vum Auteur hin. Firwat dann d'Jongen och impfen: http://www.bag.admin.ch/themen/medizin/00682/00684/03853/index.html?lang=de do ënner „Publikationen“ Dee Virus ass nämlech net nëmme fir de Gebärmutterhalskriibs verantwortlech. E Bild seet heiansdo méi aus, wéi e laangen Text: http://www.cancer.ca/~/media/cancer.ca/ON/get%20involved/take%20action/what%20we%20are%20doing/HPV%20Campaign/CCS-Poster-Infographic--FRENCH.pdf All Medikament huet seng Niewewierkung(en). Leider! Wann een den Akzent just do drop leet, dann nëmme séier d'Fanger wech vun der Aspirine! Och kann een un eng Konspiratioun (vu weem och ëmmer) denken, am Sënn, lo kënnen d'Leit endlech fräie Sex hunn, ouni Gefor(en) ausgesat ze sinn. Wat sou, trotz der Impfung, net stëmmt. Eng Impfung wierkt ëmmer nëmme spezifesch. Oder er denkt een un de Lobbyismus vu Firmen, Associatiounen, déi mat Hëllef vu Medikamenter räich wëlle ginn. Et kann een sech vill där Szenarien ausdenken; et ass awer keen derbäi, deen een als Eltere vu senger Verantwortung, de Kanner géinteniwwer, entbënnt. Schued eigentlech, datt d'Fraen d'Wuert net ergräifen, well et geet hei ëm hir kierperlech Gesondheet, an déi vun hirer Duechter; eng Gesondheet, déi duerch d'Männer kräfteg hypothekéiert ka ginn.
-
Knueterbatti01.08.2023Bei ville vun eis sëtzt nach déif a Kapp an Häerz, d'Erënnerung un d'Opfuerderung, wann s de eng op de lénke Bak kriss, dann hal och dee rietsen duer. Domat hunn aner déck profitéiert, well se dat erreeche konnten, wat se nach ëmmer wollten; andeems se eis "roueg" hale konnten. Hei leeft et net anescht of! E politesch schwaache Géigner, dee gëtt eliminéiert, wann et drëms hier geet. Dat gesi mer ganz kloer mat der Ukrain. An, Europa ass schwaach, ebe well et sech just wirtschaftlech mengt kënnen ze verdeedegen. Wéi de Moment, mä, wéi och anescht soss? Et misst dem Lieser jo awer kloer sinn, wat de Russ wëll. RTL gëtt net ëmmer e wäiten Abléck, vun deem wat leeft. An der Period vu Walen kéint déi Haltung och interpretéiert ginn. Egal, se gëtt et, sou oder sou. Wichteg bleift also, net FB, X a Co eleng, mä och mol richteg Zeitungen, gären online, consultéieren. De Russ steet ëmmer méi no virun eiser Dier, dat muss engem bewosst ginn. Ob en eis just säi Gas wëll verkafen?
-
Iddefix01.08.2023Ech war de Mueren am CHL an hat mat 6 Leit vum Personal ze dinn. 5 hu mat mir Lëtzebuergesch geschwat, dovun waren der mindestens 3 keng Letzebuerger. Ech kréien all Kéier en décken Hals wann ech di rietspopulistesch Kommentaren am rtl.lu liesen.
-
Anna_List01.08.2023Daat ass wuel richteg a wichteg fir eis d'Land. Déi gudd Kichen muß gepusht ginn. Malbouffe muss verschwannen an d'Elteren mussen sech vill Zäit huelen fir hir Kanner richteg a gesond ze "'fidderen".