FOTOEN - Tëscht Kranzenhaff an Iernster
Unterseeboot rennt an Flitzer
Photo: Adam M
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Weltbiirger10.07.2023Esou éwei héi liest ass ett einfach ze verstoen. Déi matt vill Geld wëllen datt nett. All déi anner matt manner oder kéen Geld fannen datt gudd als Solidartät.
-
LibrePenseur10.07.2023Ginn d‘Ongläichheeten an d‘Luucht? Fänkt et net scho beim Virus un, wou ee gesäit, wat fir eng Altersgruppen ongläich betraff sinn? Schlëmm ass eng Ongläichheet, wann se „produzéiert“ gëtt. Wa Mann a Fra net d‘selwecht behandelt géinge ginn, sou op der Aarbecht (Verdéngscht); wa viru Geriicht d‘Gravitéit vun der Dot net méi ausschlaggebend wier, mä soss Krittären. Asw. Dat kéim jo engem ongläiche Behandele gläich: Di eng däerfen, di aner net. Wann awer elo een et „besser“ kann, wéi en aneren, ass do nach Ongläichheet ginn? Talenter, Kompetenzen, Preferenzen, lafen déi och op der Schinn vun der „Ongläichheet“? Dee Futtballspiller an der éischter Equipp, dee verdéngt e Verméigen; deen an der zweeter, wann dann, hält sech sou iwwer Waasser. An der drëtter, besser net driwwer ze schwätzen. Oder de Chirurg, dee scho moies um 7 am OP steet a bis Owes Consultatiounen erleedegt, ass dat eng Ongläichheet am Verglach mat aner Beruffer, déi schonn am Nomëtteg „fäerdeg“ sinn? Sollen déi zwee, hei als Beispill, mat deem selwechte Gehalt heem goen? Kloer, wann een do munch Direkteschposte amplaz vum Chirurg asetze géing ... an d‘Verantwortung vu mi no kucken... da kréich e Minister bestëmmt ni genuch an e representative Staatschef, ëmmer ze vill... Gëtt mat Ongläichheet net gären Ongerechtegkeet suggeréiert, ouni déi sou ze nennen? Wann e Bréifdréier sech mat dem Chirurg vergläicht, dann huet dee Bréifdréier e Problem, a soss keen. Hien also mat sech! Op déi Persoun allerdéngs genuch verdéngt, wat säi Liewensënnerhalt vun him ofverlaangt, dat ass eng ganz aner Fro. An deem Kontext vun Ongläichheet schwätzen, wier da mol net fair vis-à-vis vun deenen eenzele Beruffssparten. Wann enger Persoun soss näischt berufflech iwwreg bleift, oder souguer, et ass e ganz perséinleche Choix, Serveur (m/w) ze sinn, da kann een sech natierlech ongläich behandelt fillen, mä, am Verglach zu wiem an zu wat? Wann den „Digitalismus“ sech duerchsetzt a Roboter oft ermiddend a manner erfreelech Aarbecht ewech huelen, ass oder wier dat eng ongläich Behandlung, well do op där Plaz da manner bis wéineg Aarbechtskraaft nach gebraucht gëtt? D‘Kannergeld einfach héijen, dat kléngt wuel gutt, an ass ni héich genuch, mä, wien seet dann, datt dat och do ukënnt, woufir et bestëmmt ass? A wien ka verhënneren, datt domat net méi en décken Auto ugeschaaft ka ginn, endlech eng Vakanz méiglech gëtt, wou d‘Kanner da souguer bei d‘Bomi déi Zäit verfracht ginn? Och eng Koppel brauch Zäit fir sech, op awer duerfir d‘Kannergeld...? Wéi de Lompekréimer, de Blechschléier, de Steemetzer, an aner Beruffer zäitbedéngt „verschwonnen“ an aner nei opkomm sinn, änlech wéi haut, huet sech do eng Ongläichheet breet gemaach? Déi Wierder wéi „Ongläichheet“, Ongerechtegkeet, passen déi nach an de Kontext vun där Iwwergangsperiod, an där mer eis befannen, Corona hin, Corona hir? Soen se nach dat aus, wat een domat wëll ausdrécken an eigentlech verständlech well maachen? Mä, wat genau? Wann net, da brauche mer eng méi kloer Sprooch.
-
Mister X10.07.2023Letzebuerger sinn erem dei blöd, mir kreien erem alles op de Bockel, vun mir kritt keen Buttek hannert der Grenz mei een Euro.
-
Duke_of_Lux10.07.2023Et war och zou eiser Zeit an de 70 er e Luxus. Mir hunn zeitweileg 10 1/4 % Zensen op eis Schold bezuelt a sinn mol einfach 10 Joer net an eng Vakanz gefuer. An en decke Prime-Car ass et och net ginn. Awer ass Haut esou Eppes gesellschaftlech nach machbar?
-
Mausketti210.07.2023Natierlech sin mailen vun der Mme Cahen an d'Affaire Gaardenhaischen-Dieschbourg déontologesch dubios an ze hannerfroen, mais mir wier léiwer d'Oppositioun géing wesentlech Dysfunktionnementer an Edukatioun a Logement uprangeren. Waat ech nach ëmmer nët verstinn ass dass de Prinzip vun enger "Mietpreisdeckelung" hei am Land tabuiséiert gëtt an da Gedeesems gemeet gëtt wa wuelbekannten "Wohlständler" déi eng Politesch Funktioun hun zoufälleg privat op Air BnB eng vun hieren Propriétéiten ubidden. Ech fannen den ongenéierten Nepotismus an d'Schaafen vun deieren Posten vun verschiddenen Memberen vun dëser Regierung vill méi bedenklech wéi der Mme Cahen hier Gestioun vun hierem privatem Patrimoine. Privat mailen mat der Ministère's Adress kann eemoleg als Feeler duerchkommen, mais et sin vill méi grav Mësstänn ënner dëser Regierung unzeprangeren wéi Gardenhaisercher an der Mme Cahen hier mailen.
-
Mister X10.07.2023Dat fannen ech eng gudd Initiativ