FOTOEN - Tëscht Vesquenhaff an Lalleng
Firmenauto kënnt net laanscht Bulldozer
Photo: Emily Boyd
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Waat_een_Kaabes03.07.2023Mir hun duerch eis 40 Stonnewoch awer e Kompétitivitéitsavantage vis-à-vis vum Ausland. Leider muss ech soen dass de Beispill vun der Belsch richteg ass, a sie kruten och hiren Index trotz 200 Arbechtsstonne manner oro Joer, also 5 Wochen)
-
Politmotor03.07.2023Mat all der Entwécklungshëllef, Kreditter, Finanzen, Mikrofinanzen, ONG'en asw misst dach endlech ee Resultat ze verbuche sinn. - Villen ONG'en, deene weltwäit Milliarden zur Verfügung stinn, misste vill méi transparent schaffen. Oft sinn si näischt anescht wéi Guttmënschen-Organisatiounen déi gleewen dinn d'Interesse vun deenen Aarmen ze vertrieden, Leed an Honger ze bekämpfen an ze minimiséieren, d'Ëmwelt ze schützen, wou di meescht awer a Wierklechkeet just Organisatioune sinn déi mat de Wëllef haulen, a wou op der Platz, näischt bis net vill ukënnt. - Dat muss ee vun de Grënn si wisou mat all deene Milliarden-Zommen déi an deene leschte Joerzéngten an d'Kooperatioun gefloss sinn, nach net een eenzegt Land dobäi ass wat bis elo op d'Been koum.
-
KNOUTERBATTI03.07.2023Traureg déi Affär 🙈🙈🙈 Gleich gesinn mir ob dennen honnert Meter k🐄🐄🐄 laffen.
-
Aniwregens03.07.2023Ma se hu jo genuch positiv Spiller säit Kroatien Firwaat dann net mol rem d'Infektiounszuelen a Frankreich an d'Luut dreiwen :-D :-D
-
Trulla03.07.2023“Den éischten Deel vun hirer Ried wier ganz staark gewiescht” D’ganz Ried wor net schlecht, well se ganz vill Informatioun iwwer lafend europäesch Projetën, inklusiv deenen hire Stand an déi erreecht Resultater hat. Zuele goufe genannt. Soss héiert ee vun der Politik net sou vill konkret Donneeën. Dat wor natiirlech geduecht fir ze weisen, datt een eppes mécht. Mee et si jo Aktivitéiten, déi well méi laang gëtt, wéi z.Bsp. de Green Deal mat elo 3 Milliarden Investitiounen an de Waasserstoff fir d’Industrie. Oder de sougen. Global Gateway och. Do baut d’EU am Ruanda an am Senegal zwou Fabrécke fir mRNA-Impfmëttel fir Afrika ze produzéiren. Ähnleches soll a Latäinamerika passéieren. A Villes méi, wéi eenheetlech Steuervirschrëfte fir d’europäesch Geschäftswelt. Et kann een d’Ried noliesen. Do wonnert et awer, datt eis Deputéierten dat alles nawell sou abstrakt kommnetéiren.