FOTOEN - Tëscht Schous an Schwanterhaff
Schlauchboot kritt Kaktus ze paken
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
luxusbuerger30.06.2023An wou geet Rassismus un ? Fier mech perseinlech , wann ech anzwouch hin reesen , dann passen ech mech esouwait et geet däer lokaler Kultur un . Well daat ass en Zeechen fun Respekt an mengen Aan . Daat fänktbmat den Emgangsformen un , geet weider iwert d Sprooch . An genee doo fannen ech et rassistesch fun engem deen heihin könnt an nach noo 10 Joer hei liewen an / oder schaffen nach net een eenzegt Wuert versteet oder schwätzt . Och daat ass eng Form fun Rassismus , an dann Fuerderungen an enger Friemsprooch stellt ! An wann een dann esou fein ass ewei dei meescht hei am Land sin an mat deser Persoun ob franseisch z.b schwätzt , dann versteet een se nach oft net well sie esou schnell schwätzen ewei mat engem deem seng Mammensprooch et ass . Wann een se dann dorop obmierksam mëscht , dann gët een schon oft ugemault . Mier ass et egal ob waiss , schwarz rout giel oder Moof getëppelt . Wann een keng Manneieren huet dann brauch een net ze erwaarden mat Respekt behandelt ze gin . Daat ass meng Meenung zum Rassismus hei am Land , aaner Länner hun natierlech aaner Problemer .
-
De_Popst30.06.2023Dee schife Wénkel vun de Solarzellpanneauen, wéi hei op der Foto duergestallt, variéiert deen automatesch am Dag, am Verhältnis zum Afale vum Sonnestral op d‘Zellen? Soss ass de Rendement jo net optimal fir di deier Installatioun. Oder? Kann do dernieft en Héichhaus gebaut ginn, wat Schied op déi Zelle géing werfen? Ginn et dozou Gesetzestexter? Wéi oft mussen déi Zelle pro Joer gebotzt a kontrolléiert ginn, ebe fir en optimale Rendement ënner optimale Bedingunge kënnen ze bréngen? Ass dat den Technikerpräis, wéi beim Sanitär (plus d‘Material)? Wéini ginn déi Zellen ersat? Gëtt et do eng Notzungszäit-, Liewensdauer, sou wéi bei de Wandrieder, déi jo do nëmme soll tëschent 10 a 15 Joer leien? Stëmmt dat? Oder, bei wéi vill Prozent Leeschtungsoffall gëtt erneiert? Ass d'Kontroll vun de Panneauen zentral méiglech oder muss all eenzel Panneau um Dag da kontrolléiert ginn? Wat erëm kascht, wann net Léierjongen (m/w) et maachen. Froen, déi den interesséierte Privatier bestëmmt net kal loossen.
-
Waat_een_Kaabes30.06.2023Vun engem haaptberuflechen CFL-Gewerkschaftsvertrieder hunn ech keng aaner Argumenter erwaart. Ons CFL ass an sengen Aan wahrscheinlech tiptop organiseiert a leescht e perfekten Service um Client/Steierzueler. Leider kann ech daat Gewerkschaftsbild net deelen well et geet och bei der CFL oft nemmen em Besitzstandswahrung a nemme selten em de Client/Steierzueler an den Service deen hien kritt. Dee leschten Fahrplangwiessel zum Beispill op der Linn 30 ass geint de letzebuergeschen Client geriicht; do hudd dir, Här Thümmel, bjs haut nach deen eischten Artikel am Senn vum Client a geint är CFL-Direktioun ze schreiwen.. Allez, ech ginn d’Hoffnung net op das dir an de Landesverband och emol Asaatz weist fir dem Client seng Interessen.. A bon entendeur, Salut.