FOTOEN - Police mellt
Rollstull a Flamen zu Masseler
Photo: Public Domain
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Trump197802.06.2023Des Fakten si korrekt. Hei muss een dann awer och a Betruecht zéien datt des 'natierlech' Immunitéit eng dach begrenzt Liewensdauer huet. Also hei och de ganzen Kontext betruechten. Et ass och wëssenschaftlech erwissen datt, vereinfacht gesoot, eng iwwerstaanen Infektioun (am beschten dann net onsymptomatesch) den Equivalent zu enger Dosis Impfstoff ass. Also just ee begrenzten Schutz bewierkt, sowuel an der Dauer wéi och bei de gesondheetlechen Auswierkungen op de Mënsch. Dofir, ass ee kompletten Impfschéma, mat drei Impfungen (oder zwou an eng iwwerstaanen Infektioun) dee beschte Schutz souwuel fir deen eenzelnen Mënsch, wéi och fir déi ganz Gesellschaft duerstellt. Dofir sinn ech zu 100% iwwerzeecht, an dëser besonnescher Situatioun wou mir elo 2 Joer dra sinn, datt et noutwenneg ass eng allegement Impfpflicht anzeféieren. Begrenzt an der Zeit an encadréiert mat den néidegen Mesuren an och Opklärungen.
-
Nei_Hei02.06.2023Emmer den konträir man wat politik sét dann läit én jo bal emmer richteg.....ech hun mer lo en aalen diesel kaaft,déi kritt én lo belleg,virun puer jo soten se kaaft diesel,dunn war en rem neicht méi an als nängst as en erem besser wéi bensinner..... an epuer jo wann vill leit sou en elektroverseucher fueren zielen se eis daat as och neicht
-
Mausketti202.06.2023Sin zwar kéen vum Här Frieden senger Partei, iewer dat wat do gesot a proposéiert gouf, dat as iergendwéi verständlech a logesch. Dem jetzege Premier an senge Ministeren, as jo nët méi nozelauschteren. Déi aktuell Regierung as um Enn ukomm, 2 Legislaturperioden wou all Partei mache ka wat se wëllt, e Premier ouni Linn, an déen jidderée gewärde léist, dat kann net esou weidergoen.
-
KriteschKritik02.06.2023"Liicht beonrouegt ass de Schäfferot awer wéinst den Aschreiwunge vun de Net-Lëtzebuerger op d'Wahllëschten. Dat sinn der nämlech extrem wéineg." ....Ech wär mei onberouegt wann mei net-letz. op der Lëscht wären ewei Letzebuerger?!? Verstinn dofir dei opreegung guer net...As Letzebuerg net schon genuch "franconiséiert" ne?...
-
DePefferkaerchen02.06.2023Et ass eng Fro déi näischt mat Panzer a aner Krichsgeschéien ze dinn huet, jidderfalls net direkt, mee indirekt schonn. Huet Ungarn nach seng Plaz an der EU verdéngt ? Ausser datt Ungarn uerdentlech asäckelt aus dem EU-Fong gesinn ech kee positive Retour sengersäits, ausser Knëppelen déi den Orban an d'Gerieders vun der EU gehäit fir ze blockéieren. Elo zb. geet et ëm d'Atomenergie déi Ungarn mat de Russe verbënnt an op kee Fall wëll d'Sanktioune géint Russland matdroen déi geplangt sinn. Gehéiert Ungarn nach an d'EU oder soll d'EU net einfach deen Dar am A aus der Unioun eliminéieren, da géife mer gesi wéivill Subsidien d'Russen hinnen zugutt komme losse fir hir Autobunnen, Zuchlinnen a virun allem d'Korruptioun ze finanzéieren ?
-
Letzpower02.06.2023"Reese wäert och am Joer 2021 schwiereg bleiwen" Et wir well vill gedoe, wa mer mat den Neiinfektiounen ënnert déi 50 Fäll op 7Deeg an 100000 kéimen. Da wire mer kee Corona-Riskoland méi. An d'Reese géif méi einfach fir äis Lëtzebuerger. Wann den Här Buach awer sou schwätzt, mengt hien dann, datt dat net ze erreeche wir? Enn Januar misst et awer sou lues sou wäit sënn. Oder wíe gesäit den Här Bausch dat? E bësselche méi Optimism, nieft der Impfhoffnung, misste mer äis awer all wënsche fir dat Neit Joer!