FOTOEN - RTL EENT war live dobäi
Doppeldecker a Flamen zu Ollem
Photo: Markus Schmitz
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
KriteschKritik25.05.2023An wann een wéi ech keng Kanner huet, mussen Ayants-droits déi mäint ierwen, ganzer 40% bezuelen! Wou bäi ech schon beim Akaaf dem Staat säin Steck vum Kuch gin hun mat TVA 3%+17% henno, Enregistrement etc... Kanner huet een keng well een keng kann kréien, keen Partner fonnt huet oder ganz einfach fir sech entscheed huet keng ze hun.
-
Trump197825.05.2023Kann een dann nach op eng Herdenimmunitéit bauen? Ech duecht, mëttlerweil wéisst een, dass d’Immunitéit 2-3 Méint unhält an een dann de Covid awer nees kréien kann?
-
Infowars25.05.2023Dee Mann do huet eng éierlech Sprooch geschwat, an gleichzeitech Wéer opgezeechent, déi een kennt eventuell an Sachen Verméigenssteier goen ouni ons Gesellschaft komplett op d'Kop de dréien. Waat eng agréabel Dusch am Verglach zum Beispill mam Här Gilles Hempel vun der Agence Immobilière Sociale sengem Beitrag, déi vun Radikalitéiet nemmen esou gestrotzt hun. En "Coup de Chapeau" fir den Här Guy Heintz, deen net gär alles futti mecht wat Generatiounen vun Letzbebuerger opgebaut hun.
-
Matbierger25.05.2023Muss nach eppes lassgin ,dann ass mol Véih dobaussen an der Natuur ,dann as dat och net gudd ,all déi aaner déi hiirt Liewe laang keng Sonn gesinn ........ dat gesäit keen
-
MELLECHKOU25.05.2023Esou wie dat an enger Gesellschaft soll sinn, huet an der Finanzkris de Bankesecteur mat Steiergelder gehollef kritt, während der Pandemie hunn d'Betriiber mat Steiergelder ennert d'Äerm gegraff kritt. Elo kénnt eng drétt Kris derbäi. Op de Steierzueler a potentielle Client vun de Betriiber kénnt eng massiv Inflatioun duer, déi nullement mat engem Index opgefaange get, méi Steieren, vum iwwerdeierte Wunnen fir de létz Résident guer net ze schwätzen! Dese Steierzueler huet netto vill manner fir auszeginn, also fällt seng Consommatioun méi bescheiden aus oder get bei den Nice-to-Haves op onbestémmten Zäit no hanne verréckelt, well hien d'Präisdeirecht net méi packt, déi die gerett Betriiber un hie weiderginn fir de Benefiss kuerzfristeg esou grouss wie méiglech ze halen. Vill Leit mierken elo, datt se keng 2 lénker Hänn hunn a villes selwer hikréien, dass Bake, Kachen an Iessen doheem méi bélleg ass, datt hiert Gefier nach fiabel ass an de Mantel vum läschte Joer och nach passt.