FOTOEN - Tëscht Mecher an Méischtref
Streeauto kritt Aprikosebam ze paken
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Alles-Quatsch08.05.2023Madam Ministesch schengt net ëmmer ze wëssen wat hei am Land leeft. Si seet si wären ganz fréih aktiv gewierscht an den Altersheemer. Weiderhin schwetzt se vun brutalen Zoustänn an aneren Länner matt méintelangem Besuchsverbuet fir Famill an den Heemer. Ech dierf drun erënneren dass genau den méintelangen Besuchsverbued hei am Land di batter Realitéit wor. Demols sin nach wochelang Pensionnairen infizéiert gin well d'Personal keng Masken a.s.w. hat. Duerno ass verpasst gin fir Konzepter an eng Teststrategie fir Personal an Résidents duerchzezéien. Elo gin dann di meescht Infizéiert net méi hospitaliséiert, sondern leien an Covid-Statiounen ouni optimal Betreiung an den Heemer. Iwer d'Halschent vun eisen Doudeger kommen aus den Heemer. Bescht Gréiss 🩺
-
Gleewennetalles08.05.2023........Vun der aler Regierung selwer...... koum déi Ofschätzung dass mer missten am 2te Joer vun der neier ( egal wat fir Zesummesetzung) Regierung 1 Milliard noléinen. Flott wann een sech "verschätzt" hätt. Leider gin elo an den Nopeschlänner, besonnesch BRD, d'Wirtschafts-erwardungen no ënnen revidéiert. http://www.spiegel.de/thema/konjunkturprognosen/
-
Kriddelschass08.05.2023Kee gesäit den Zweck: Trennung vu Kierch(en) a Staat as ugesot. Dës Regierung erfënnt Feierdeech a schaaft dann mol déi chrëschtlech Feierdeech of. Gët ee Feierdaach an de Congé gesaat, verschwënnt dofir och een reliéisen Feierdaach. Kënnt elo iergendeng 'Reloun' an hätt gären fir eppes, wat bei hinnen een Ritual as, eng 'hellech' Gewunnecht, och ee fräien Dag, kréien d'Unhänger vun dëser Relioun ganz einfach ee Congés-Daag méi vum Patron. Fir Hochzäit, Geburt vun engem Kand, d'Begriefnis vun engem vun der Famill etc. muss een sech démnext Congé huelen. Wait and see.