FOTOEN - CGDIS mellt
Pompjeesauto op der Kopp zu Berbuerger Haff
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Majo_secher_dat22.04.2023Wäer et net esou lues Zäit fir d'LST-Statiounen an Impfstatiounen ëmzewandelen ?
-
Elo_awer22.04.2023a mengem eefamilienhaus hun ech 2020 fir de gas 1385€ bezuelt dat sin 3,79€ den dag. wann de gas lo 25% mei deier get misst ech bezuelen 1385 + 25% = 1731€. dat sin 4,74€ den dag d.h. 0,95€ den dag méi. an dodurch gin ech net méi arm an ech erhingeren och net.ee pak zigaretten a 7 humpen am mount manner an ech hun dei differenz kompenséiert. a mëng gesondheet seet merci.
-
Elo_awer22.04.2023Loost w.e.g. jidderengem säi (On)-Glawen. 🤡
-
Heemecht_lu22.04.2023machen zou an gin an d'Ausland fir mei belleg produzeuren fir et hei nach mei deier ze verkafen
-
Enn_Letzebuerger22.04.2023E groussen Rafael Nadal, souverän, an hien zitt gläich mam Roger Federer mat 20 Grand Slam-Titelen.
-
Matbierger22.04.2023...gutt dass Leit déi vum Terrain kommen, a genau wëssen wéi et do leeft zu Wuert kommen! Dem Här Reuter seng Ausso : "...wann een 200 Busser hätt, awer just 100 Chauffeuren, da wier dat net optimal " ..dat ënnersträicht alt erëm eng Kéier de Mangel u Fachpersonal ! Firwat ass d'Ausbildung vu Fleegepersonal hei zu Lëtzebuerg systematesch vernoléissegt gin ? Wouru leit dat ?...ass et e Mangel un Interessi, Defiziter bei der Ausbildung an den Infrastrukturen, leit et un de Berufscarrièren an der Pai vir den extrem schwéieren an verantwortungsvollen Beruff ? Firwat huet d'Politik dësen extrem wichtegen Aspekt vernoléissegt, wou d'Konsequenzen dervun elo dramatesch zum Virschäin kënnt ! ....desweideren seet den Här Reuter : " Patienten, deenen hir Iwwerliewenschancë souwisou schlecht sinn, kommen net op d'Reanimatiounsstatioun, well et nämlech eng enorm Belaaschtung wier ..." Domat wés jo och elo jiddereen wat en an dem Fall erwaart, wann d'Medezinner hir Entscheedungen huelen .....
-
Kappressel22.04.2023Ech huelen un dass dat awer nach net fir haut oder muer ass ,domat ged sech emol nach gud Zäit geloos.et as schons traureg wann een kukkt wat et haut kascht wann en an enger 1.Klass leit .Froen mech firwat en Dr.Recht huet do esou vill méih ze froen et ged keen do mat göllenen Händschen ugepaakt. Waat CP ugeed ,do glewen ech net drun ,et wöllt ken Minister sech dorunner Fanger verbrennen .Et deet jo kéngem Minister wéih ,well de Patient jo den CP aus sénger Täsch muss bezuelen.