FOTOEN - Tëscht Mëtscheed an Déiljen
Snowboard rennt an Prommebam
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
kloreMenscheverstand12.04.2023Déi Greeng hun an deenen leschten Joeren villeischt hirt bescht meiglecht gemaach well Car schonns ze déif am Dreck stëcht awer si hun Politik hei am Land net verändert, au contraire si hun sech der Politik ugepasst. Een contournement ob deen aneren gëtt gebaut dass den individuellen Automobilist seeng Freed um Auto net soll verléieren zugleich soll den co2 erof geschrauwt gin waat einfach een krassen Wiedersproch! Mam fetten SUV an den Bio Buttek ass fir mech net nohaltëch. Velofueren gefördert awer zum Deel den Velo un verschidden aggressiv Automobilisten Schutzloos ob der Strooss ausgeliewert. Et wir troztzdeem ze hoffen dass déi Greeng Partei, esou wéi et an Déitschland sech virzeechent, zu enger Majoritéitspartei wiesst, well et déi eenzegt Partei ass deenen ech halbweegs mein vetrauen virun ginn am Sënn vun enger gëftfreier Ëmwelt verbonnen matt enger besserer Liewensqualitéit wou et net just nach ëm Wachstum geet maat allen nociven Folgen fir Mënsch, Déier an Natur.
-
De_Popst12.04.2023Oh, de Boopchen am Chinchilla....
-
Komplet_Wurscht12.04.2023Gréng wirkt! Fuerderen an Verbidden Nee merci 😱
-
haldechkleng12.04.2023Här Schmidt, et deet mir leed, dass dir sou eng Erfahrung musst maachen. An leider sidd dir keen Eenzelfall. All déi Experten déi eisen Schoulministère anscheinend agefouert huet, gëtt et leider vill just um Pabeier. An de Schoulen selwer gesait een se net wierklech. Et ass och esou, dass vill Lehrpersonal am Reen stoen gelooss gëtt. D’Enseignant sinn jo net Expert wann et z.b.ëm Hyperaktivitéit, Autismus, Sproochschwieregkeeten an sou weider geet. En Diagnostik kënnen an dierfen se jo och net man. Oft gëtt dann ëm Hëllef gefrot mee et ass keng do! Oder gett et och den ëmgedréinten Fall, dass Elteren naischt dovunner wëssen wëllen an dann och naischt kann gemaacht ginn. Ech hunn grousse Respekt virun Elteren wéi iech, déi net opginn an sech fir hir Kanner esou ansetzen. Courage
-
LuxTroll12.04.2023De Kim Felten beim logement. CSV hätt z.B mam Abby Toussaint och en Expert gehaat, mee et huet een sech scheinbar fir e psydo expert entscheed.
-
Minettsdap12.04.2023virun 25 Joer war ech all Daag op der Four, d' Dikrecher Beierstuff huet ganz Paien vun mier (net nemmen vun mier) kritt ... an et war flott. Dei lescht Joeren war ech 1x, allerhechstens 2x mat den Kanner do, e puer Spiller, eppes Iessen, daat war et. Alles huet seng Zeit an et soll een net vergiessen. (iwwregens, esou een Beierglaas huet 26 Rillen ;) )
-
den_Kneckert12.04.2023Kucke mir dat dach emol ganz nüchtern - 100.000 Milliounen bei enger Staatsschold vun 1.41 Milliarden ass dat eng Drëps op de waarmen Steen - sou oder sou muss jiddereen an Zukunft de Rimm uerdentlech festzéien.
-
Enn_Letzebuerger12.04.2023Wéi as et mat #VakanzDoheem ? Dat Gesouers as et méi äuszehalen. Esouguer déi Leit wou ech bis elo fir intelligent gehalen hun, sin just nach um Jéimeren wéinst hirer Vakanz. Da geet dat eben elo mol eng Kéier net! Et wärt keen derbäi ëmkommen. Ganz am Géigendeel!
-
Nickla12.04.2023Hofft d'Madame Reuland op weider Failliten am Secteur fir dass déi Entreprise dann och genuch Leit kritt? D'Firme bekloën elo schons nët genuch qualifizéiert Leit ze fannen, da mëcht ee parastaatleche Betrieb dee Secteur dann och elo platt, oder wou sollen d'Leit hierkommen. D"Madam soll emol hannerfroën op déi guttgemengte Mesure vun de leschte Joër nët éischter d'Präisexplosoiun weidergedriwwen huet anstatt se ze bremsen. Bei neie Lotissementer esouvill Wunnéngen zu'abordabele Präisser' un d'Gemeng ginn, an neie Residencen 10% vun de Wunnenge behënnertegercht bauen grad ewei d'Partes communes.Daat si lauter Käschtepunkte déi op déi "normal Wunnéngen" drop geprafft ginn