FOTOEN - Tëscht Kounenhaff an Kolwent
Rollstull kënnt net laanscht Bëtonneuse
Photo: roli_b
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
DatAssMengAnalyse03.04.2023Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.
-
Gleewennetalles03.04.2023Staark Meenung, géif ëch emol hei mengën! Bravo.
-
kloreMenscheverstand03.04.2023De Lëtzebuerger Code de la Route ass dem Vertrieder aus dem Nohaltegkeetsministère kloer genuch. Hahaha.... Mol Uerdnung an den CdlR brëngen, da versteet den normale Bierger en och. An, wann se sech alleguerten am Verkéier behuelen a géigesäiteg respektéieren, da geet et och gudd.
-
Enn_Letzebuerger03.04.2023Dat ass nëmmen seng Pai fir d'Joer 2018. Säin Vermeigen gëtt op 650 Milliounen geschaat. Mat senge Verméigen keinten 2500 Léit 10 Joer dezent liewen mat 2000€ de Mount.