FOTOEN - Tëscht Hanenhaff an Reisduerf
Camionnette rennt an Uebstbam
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Anna_List01.04.2023Firwaat hu mir hei zu Lëtzebuerg, héichgerechent, doubel esou vill Covid-19 Douderwéi Daïtschland?
-
WouereschtdeetWei01.04.2023Dei Situatioun as wirklech schweier anzeschätzen! Ziedelt Amerika wei sou oft erem e Krich un, manipuleiert an flunckert? Oder sin ed awer dei aus dem Iran, dei och schons oft fragwürdeg Meenugen, Aktiounen am laaf vun hirer Geschicht duerchgesaat hun? Hoffentlech bleiwt ed fridlech !
-
Donald Duck01.04.2023...dat wat Madamm Annick Goerens seet, Zitat : "...Politik bleift ebe Politik" passt an dësem Fall wéi d'Fauscht op d'A ! CSV huet Joerzéngtelaang mat gehollef Steiernischen duerch Rulings etc. ze schafen, an ass elo der Meenung dass déi Mëssbrauchsméiglechkeete déi beim Regimm vun de Stock Options, a FISen bestinn, esou séier wéi méiglech mussen ënnerbonnen ginn, dat am Sënn vun enger méi grousser Steiergerechtegkeet ! Dat éiert CSV, an duerfir muss en och hirem Parteipresident Frank Engel zougestoen, dass hien de Courage hat déi Diskussioun ze lancéieren, an mat zwou Motiounen déi dozou vun hinnen an der Chamber abruecht gi sinn vir se ob den 01.01.2021 ofzeschafen net duerchkoumen...a vun de Majoritéitsparteien ofgeleent goufen ! ...Schued dass des Majoritéitsparteien, déi bestëmmt dé Mëssbrauch och wëllen ofschafen, net doriwwer kommunizéiert wéi wéit si domat sinn...och wann et eng komplizéiert Matière ass, vir doriwwer ze legiferéieren ! ..wéi wärt CSV dann oofstëmmen ?
-
Tata-Sidoni01.04.2023Endlech Da krèien ma mam Haer Freres emol en kompetenten Logement Minister
-
Neckel300001.04.2023Chiche1973 ; Richteg !!!. Ech hunn et schon enkéier gesoot . 3x eng Aarbecht refuséiert , keen Chaumage an keen RMG mee.Een klengen Putin als Premier zu Lëtzebuerg wir emol guernet esou schlecht !!!.