FOTOEN - Tëscht Kolwent an Ollem
Streecamion kënnt net laanscht Camionnette
Photo: lizms423
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Matbierger27.01.2023Wat hun mir eng Chance dass d'Asti zu Letzebuerg net bestemmt wou et higeet. Wou kéime mer hin wann ons Land geng vun esou Leit dirigéirt gin?
-
de_Fern27.01.2023Dank der BNL sinn ech zum Verschwörungstheoretiker ginn. Summer 2003 Mediathéik.
-
Kridelech27.01.2023All d'Leit mussen Teletravail maachen an doheem bleiwen! Firwat kenen eis Politiker dann keng sou Konferent oder etc. iwwer skype oder soss welch Appen/Programmer vun doheem haalen?? As daat net e bessen Volleck fir domm an blöd gehaalen?? Oder sin eis Politiker keng Menschen? Vun RTL: Déi Pressekonferenze gi just gestreamt an do ass just minimaalt Personal vum Ministère dobannen. D'Journaliste schécken hir Froe via Mail eran. MBG
-
Trump197827.01.2023Richteg. Mir brauchen weder Greenpeace nach de Mouvement Ecologique. Firt escht de Corona bekämpfen an dann villeicht eis mat deenen hieren Topeschkeeten beschäftigen.
-
Komplet_Wurscht27.01.2023Eng groussaarteg Sängerin huet eis verloossen an hier Lieder bleiwen eis fir ëmmer an Erënnerung. Sie war The Best.
-
kartoffel27.01.2023Onverdengt verluer. Schued well et war eng gudd leeschtung
-
Knouterer227.01.2023Ginn d‘Ongläichheeten an d‘Luucht? Fänkt et net scho beim Virus un, wou ee gesäit, wat fir eng Altersgruppen ongläich betraff sinn? Schlëmm ass eng Ongläichheet, wann se „produzéiert“ gëtt. Wa Mann a Fra net d‘selwecht behandelt géinge ginn, sou op der Aarbecht (Verdéngscht); wa viru Geriicht d‘Gravitéit vun der Dot net méi ausschlaggebend wier, mä soss Krittären. Asw. Dat kéim jo engem ongläiche Behandele gläich: Di eng däerfen, di aner net. Wann awer elo een et „besser“ kann, wéi en aneren, ass do nach Ongläichheet ginn? Talenter, Kompetenzen, Preferenzen, lafen déi och op der Schinn vun der „Ongläichheet“? Dee Futtballspiller an der éischter Equipp, dee verdéngt e Verméigen; deen an der zweeter, wann dann, hält sech sou iwwer Waasser. An der drëtter, besser net driwwer ze schwätzen. Oder de Chirurg, dee scho moies um 7 am OP steet a bis Owes Consultatiounen erleedegt, ass dat eng Ongläichheet am Verglach mat aner Beruffer, déi schonn am Nomëtteg „fäerdeg“ sinn? Sollen déi zwee, hei als Beispill, mat deem selwechte Gehalt heem goen? Kloer, wann een do munch Direkteschposte amplaz vum Chirurg asetze géing ... an d‘Verantwortung vu mi no kucken... da kréich e Minister bestëmmt ni genuch an e representative Staatschef, ëmmer ze vill... Gëtt mat Ongläichheet net gären Ongerechtegkeet suggeréiert, ouni déi sou ze nennen? Wann e Bréifdréier sech mat dem Chirurg vergläicht, dann huet dee Bréifdréier e Problem, a soss keen. Hien also mat sech! Op déi Persoun allerdéngs genuch verdéngt, wat säi Liewensënnerhalt vun him ofverlaangt, dat ass eng ganz aner Fro. An deem Kontext vun Ongläichheet schwätzen, wier da mol net fair vis-à-vis vun deenen eenzele Beruffssparten. Wann enger Persoun soss näischt berufflech iwwreg bleift, oder souguer, et ass e ganz perséinleche Choix, Serveur (m/w) ze sinn, da kann een sech natierlech ongläich behandelt fillen, mä, am Verglach zu wiem an zu wat? Wann den „Digitalismus“ sech duerchsetzt a Roboter oft ermiddend a manner erfreelech Aarbecht ewech huelen, ass oder wier dat eng ongläich Behandlung, well do op där Plaz da manner bis wéineg Aarbechtskraaft nach gebraucht gëtt? D‘Kannergeld einfach héijen, dat kléngt wuel gutt, an ass ni héich genuch, mä, wien seet dann, datt dat och do ukënnt, woufir et bestëmmt ass? A wien ka verhënneren, datt domat net méi en décken Auto ugeschaaft ka ginn, endlech eng Vakanz méiglech gëtt, wou d‘Kanner da souguer bei d‘Bomi déi Zäit verfracht ginn? Och eng Koppel brauch Zäit fir sech, op awer duerfir d‘Kannergeld...? Wéi de Lompekréimer, de Blechschléier, de Steemetzer, an aner Beruffer zäitbedéngt „verschwonnen“ an aner nei opkomm sinn, änlech wéi haut, huet sech do eng Ongläichheet breet gemaach? Déi Wierder wéi „Ongläichheet“, Ongerechtegkeet, passen déi nach an de Kontext vun där Iwwergangsperiod, an där mer eis befannen, Corona hin, Corona hir? Soen se nach dat aus, wat een domat wëll ausdrécken an eigentlech verständlech well maachen? Mä, wat genau? Wann net, da brauche mer eng méi kloer Sprooch.
-
guy127.01.2023An daat ass Europa - an e puer Stonnen wuar Europa futsch - dei aaner Länner maachen matt eis waat se wöllen an do brengen eis Politiker och neischt färdech ausser Gebraddels an eidel Verspriechen. An dann elo nach deck den 09. Mee den „Europa-Daag“ feieren, waat sollen dei Dommheeten ? Europa wuar just gudd weinst den Lännerwärungen, et huet een keng Souen breichten ze wiesselen fir an dei aaner Länner - an daat wuar et matt Europa.