FOTOEN - Tëscht Eschduerf an Groesteen
Oldtimer rennt an Kiischtebam
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
LuxTroll19.12.2022"One extraordinary fact emerged in a 141-page parliamentary report into the spy agency, published in 2013: It had files on no fewer than 300,000 people – the equivalent of MI5 having 45million individual files on British citizens." Hate mer well bal rëm vergiess oder? 300000 Leit an de Fichieren vum SREL.
-
Maulwuerf19.12.2022Jo, och Lëtzebuerg ass an der gréisster Kris säit 1945. Allerdéngs gëtt elo vun verschiddenen Säiten eng Lawin lassgetrëppelt vun enger Mentalitéit vun Net-Bezuelen. Op der enger Säit mengt den LSAP-Präsident Rechnungen missten (??!) bezuelt ginn an op der anerer Säit sollen awer verschidden (!!) Rechnungen (wéi eben den Loyer) net bezuelt ginn ...... Wann den circuit économique nach e puer Wochen am Koma léit, wäert sech Lëtzebuerg wuel ganz schwéier, a vläicht souguer iwwerhaapt net, dovunner erhuelen. En fin: en gutt opgestallten Betrib bezilt KEEN Loyer fir seng Gebaier, hien ass nämlech selwer den Proprietär!
-
Virwatnet19.12.2022Eng Nato gouf nom 2. WK gegrënnt fir dMembersLänner ënnert sech ze schützen via kollektiver "military response" am Fall wou een oder méi vun hire Memberen ugegraff ginn. Dofir sollte mir 2% vun onsem BIP zur Verfügung stellen. Vietnam, Afghanistan a Mali sinn net Member vun der Nato, do hu mir à priori näischt verluer. Héchstens fir punktuell a müscléiert Attacken op TerroristenNäschter, also Al-Quaida a Co. Déi Band gouf relativ séier ausser Gefecht gesat an domat hätt onsen Asaz missen ophalen. Esou wor et jo och am Kuweit wou de Generol SCHWARZKOPF gaangs no sénger "mission accomplished" dBlat gebotzt huet. Ons Regierung huet op alle Fall näischt bäigeléiert fir elo, knapps, datt onsen A400M nees zeréck aus dem Afghanistan ass, elo Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali geflunn huet wou et jo och drëm geet fir géint Islamisten ze kämpfen. Am beschte schütze mir ons op onsen EU-Bäusse-Grenzen. E Mali Asaz misst vum Vollék via Referendum geneemegt ginn. BasisDemokratie! Gréng?
-
Kridelech19.12.2022olimax [...] Een Besch liewt och net eiweg waat iirgendwann muss sin , muss gemaach gin. sou ass daat an eiser Kulturlandschaft ....
-
DePefferkaerchen19.12.2022Wann ech all děi gehåsseg Commentairen hei liesen da froen ech mech wéi frustéiert dach vill Leit musse sinn. Ech sinn houfreg op eise jonken a coole Premier, hie brauch Samschdes net a Costume a Cravatte am Studio vun RTL ze setzen, hie mecht e Super Job an ech hoffen datt hien eis nach laang erhale bleiwt.
-
LuxTroll19.12.2022Ech wees vun 1 Hotel deen sait min.20 Joer verfällt op enger Haaptstrooss am Norden; firwaat trött de Staat do nöt un d'Ierwen erun fir daat an d'Hand ze huelen oder ze enteegnen, dass deen trauregen Schandfleck oofgerappt kann gin?? Enteignung geet jo, hun mer schons gesin am Ländchen!! An dei vill eidel Büroflächen, dei kéinte jo a Wunnraum omgeännert gin; fannen nöt gudd dass all Wiissen an Acker zoubetonéiert gin!!! An verbidd endlech déi Schottergärt, Politik soll sech ee Beispill huelen un den naturbewossten Hollänner !!!😡
-
Iddefix19.12.2022Wéi eng Konkurrenz? 🤣
-
Komplet_Wurscht19.12.2022An den 3 Regierungsparteien sin ganz stark a kompetent Fraen,do as och Potential fir den nächsten Premier!