Photo: Ivan Radic (CC BY 2.0)

Mam Handy a Portmonnie ass et awer net duer gaangen. Déi Onéierlech hunn d’Affer dann och nach opgefuerdert Suen opzehiewen.

De Moie vum 21. Januar 2023 gouf am Gare Quartier vun der Haaptstad e Gewaltvollen Iwwerfall gemellt. Éischten Informatiounen no hunn zwee Täter d’Affer an der Stroossbuerger Strooss an der Nuecht approchéiert an en Handy an e Portmonnie geklaut. Schlussendlech hunn d’Täter d’Affer mat engem Messer menacéiert a verlaangt, Suen aus engem Geldautomaten opzehiewen ier se fort gelaf sinn. D’Ermëttlunge goufe lancéiert.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.