Photo: Chambre des Députés

De Moie vum 9. Januar 2024 huet d’Police um Salzhaff (Hollerech) an um Rond-point Gluck (Gaasperech) Verkéierskontrolle gemaach.

Insgesamt goufen 81 Violatiounen identifizéiert, dorënner 21 Chauffeuren, déi eng Geldstrof kruten, well se hiren Handy beim Fuere benotzt haten.

A 6 Fäll gouf eng Geldstrof ausgestallt, well de Chauffer oder d’Passagéier kee Sécherheetsgurt un haten oder net richteg ugedoen haten. A 15 Fäll konnten déi néideg Dokumenter u Bord bei der Inspektioun net presentéiert ginn. Donieft goufen 11 Gefierer net vun engem Zertifikat technescher Inspektioun ofgedeckt an an zwee Fäll huet e gültege Steiersticker gefeelt.

3 Chauffeure krute wéinst hirem Fuerstil Geldstrofe, vun deenen 2 déi rout Luucht ignoréiert hunn an een anere wéinst sengem geféierleche Fierstil op sech opmierksam gemaach huet.

Bei de Kontrolle gouf och e Gefier identifizéiert dat geklaut gouf. En entspriechende Protokoll gouf ausgestallt.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.