Photo: Patrick Schanen

Net schlecht gestaunt huet d’Police, wou si um Owend vum 2. Januar 2024 eng Persoun mat enger Machete am Grapp am Garer Quartier ugetraff hunn.

Den Owend vum 2. Januar 2024 gouf am Garer Quartier eng Persoun mat enger Machete mat enger gezackter Kléng an der Hand gemellt. Eng Policepatrull konnt kuerz drop de betraffene Mann op der Plaz fannen. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Mann illegal am Grand-Duché wunnt. De Parquet gouf doriwwer informéiert an huet de Verdächtege festgeholl.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.