TELEE - De Kontext
D'Oppositioun - Fräiwëlleg oder gezwongen?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Gilles Roth, wor deemols um Voldemort senger Säit
- Tom Flammang, RTL Sportsredaktioun
- René Winkin, FEDIL an dee béisen a Star Wars
- Serge Wilmes, Minister fir eppes wat net méi nerve soll
- Fernand Fehlen, Besserwësser
-
Populiste04.04.2024Dass e puer vun deene villen Shopping Centeren net ginn, wonnert mech guer net. Zu Lëtzebuerg brauche mir guer net esou vill Shopplngcenteren an mat Homeoffice ginn nach vill manner Leit z.B. op d'Cloche d'Or. De 'normale' Lëtzebuerger geet souwisou am léifsten an d'Belle Etoile oder an d'Concorde. Dat ass bal wéi een Ausflug wou e sëcher ass Kënneger ze treffen a bei engem Kaffi poteren ze kënnen. Bei deene neien Adresse, Belval, Cloche d'Or oder vàv vun der Philharmonie hunn sech e puer Investisseuren a Geschäftsleit ferem verspekuléiert.
-
KriteschKritik04.04.2024Wann ech gutt informeiert sinn da gin no enger Indexupassung vun 2,5% och d’Leihn dei de Patron fir seng Geselllen verrechnet em 2.5% fir de Client an luecht. Wo ass do de Problem?
-
Baam04.04.2024Et rett een d’Klima nët wann een Taxen aféieiert ! Dofir flitt kee manner mee d!Keese gi gefëllt! Grëng halt !
-
den_Kneckert04.04.2024All respekt fir d'Angela
-
Yuppy04.04.2024Oh je et gin awer vill Leit dei dat net verstin den F91 wëll just Suen sammelen an sech schounen fir Europaleague se faalen net eraus aus der BGL League an mat den Mënz wou se kreien kaafen se Nei Spiller an nächst Saison sin se erem Champion an maachen erem alles geckeg an der Europaleague :-) Ass dat elo verstaanen ???
-
Gaardebounen04.04.2024Et brauch een just op der Kaart ze kucken , da vesteet een wéi des Regierung tickt.
-
De_Jonggesell04.04.2024Police ass chronesch ennertbesaat.... Emplus kommen nach Stonnen Pabéierkrich derbai! Alles Wonschdenken.....🤷♂️
-
KNOUTERBATTI04.04.2024Egal waat e wielt et kennt Endeffekt emmer dat selwescht dobei raus. Eng EU-Politik dei keen brauch
-
de-ben04.04.2024Ginn d‘Ongläichheeten an d‘Luucht? Fänkt et net scho beim Virus un, wou ee gesäit, wat fir eng Altersgruppen ongläich betraff sinn? Schlëmm ass eng Ongläichheet, wann se „produzéiert“ gëtt. Wa Mann a Fra net d‘selwecht behandelt géinge ginn, sou op der Aarbecht (Verdéngscht); wa viru Geriicht d‘Gravitéit vun der Dot net méi ausschlaggebend wier, mä soss Krittären. Asw. Dat kéim jo engem ongläiche Behandele gläich: Di eng däerfen, di aner net. Wann awer elo een et „besser“ kann, wéi en aneren, ass do nach Ongläichheet ginn? Talenter, Kompetenzen, Preferenzen, lafen déi och op der Schinn vun der „Ongläichheet“? Dee Futtballspiller an der éischter Equipp, dee verdéngt e Verméigen; deen an der zweeter, wann dann, hält sech sou iwwer Waasser. An der drëtter, besser net driwwer ze schwätzen. Oder de Chirurg, dee scho moies um 7 am OP steet a bis Owes Consultatiounen erleedegt, ass dat eng Ongläichheet am Verglach mat aner Beruffer, déi schonn am Nomëtteg „fäerdeg“ sinn? Sollen déi zwee, hei als Beispill, mat deem selwechte Gehalt heem goen? Kloer, wann een do munch Direkteschposte amplaz vum Chirurg asetze géing ... an d‘Verantwortung vu mi no kucken... da kréich e Minister bestëmmt ni genuch an e representative Staatschef, ëmmer ze vill... Gëtt mat Ongläichheet net gären Ongerechtegkeet suggeréiert, ouni déi sou ze nennen? Wann e Bréifdréier sech mat dem Chirurg vergläicht, dann huet dee Bréifdréier e Problem, a soss keen. Hien also mat sech! Op déi Persoun allerdéngs genuch verdéngt, wat säi Liewensënnerhalt vun him ofverlaangt, dat ass eng ganz aner Fro. An deem Kontext vun Ongläichheet schwätzen, wier da mol net fair vis-à-vis vun deenen eenzele Beruffssparten. Wann enger Persoun soss näischt berufflech iwwreg bleift, oder souguer, et ass e ganz perséinleche Choix, Serveur (m/w) ze sinn, da kann een sech natierlech ongläich behandelt fillen, mä, am Verglach zu wiem an zu wat? Wann den „Digitalismus“ sech duerchsetzt a Roboter oft ermiddend a manner erfreelech Aarbecht ewech huelen, ass oder wier dat eng ongläich Behandlung, well do op där Plaz da manner bis wéineg Aarbechtskraaft nach gebraucht gëtt? D‘Kannergeld einfach héijen, dat kléngt wuel gutt, an ass ni héich genuch, mä, wien seet dann, datt dat och do ukënnt, woufir et bestëmmt ass? A wien ka verhënneren, datt domat net méi en décken Auto ugeschaaft ka ginn, endlech eng Vakanz méiglech gëtt, wou d‘Kanner da souguer bei d‘Bomi déi Zäit verfracht ginn? Och eng Koppel brauch Zäit fir sech, op awer duerfir d‘Kannergeld...? Wéi de Lompekréimer, de Blechschléier, de Steemetzer, an aner Beruffer zäitbedéngt „verschwonnen“ an aner nei opkomm sinn, änlech wéi haut, huet sech do eng Ongläichheet breet gemaach? Déi Wierder wéi „Ongläichheet“, Ongerechtegkeet, passen déi nach an de Kontext vun där Iwwergangsperiod, an där mer eis befannen, Corona hin, Corona hir? Soen se nach dat aus, wat een domat wëll ausdrécken an eigentlech verständlech well maachen? Mä, wat genau? Wann net, da brauche mer eng méi kloer Sprooch.
-
MELLECHKOU04.04.2024Et ass emmer einfach soen „mir hätten dist, mir hätten dat“ .... dat sinn esou typesch Äussoen. Am nachhinein ass een emmer mei schlau, an jidfereen geif Sachen anecht machen, wann en Zäit keint zreckdréien. Eis Regierung geif och vielleicht dat eent oder anert anecht machen, mee et huet keen eng Kristallkugel no der en seng Entscheedungen trefft. An KEEN hätt an der ganzer Corona-Situatioun keinten esou handlen, dat et fir jidfereen „richteg“ gewiesst wier. Dat wier guer net méiglech.