TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir d'Regierung? Quo Vadis?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Etienne Schneider, fréiere Wirtschaftminister, Verwaltungsrotsmember a Genéisser
- Gilles Roth, wor deemols um Voldemort senger Säit
- Sven Clement, Oppositiounspolitiker
- Charel Goerens, elder Statesman
- Jean-Jacques Rommes, FEDIL
-
de_Fern28.03.2024Deen do erennert mech emmer un d'Sendung vun den Guignols bei Canal + . Speziell un de Saatz vum Barthes. : JE PEUX DIRE UNE CONNERIE ?
-
Enn_Letzebuerger28.03.2024Et ass zenter Joeren net méiglech mam Unterrichtsministere eng astänneg Kommunikatioun ze hunn. Den Här Minister schwätzt seng Reforme mat rethoreschen Mettelen schéin. Kritik get net eescht geholl. Um Terrain ännert näischt. Reforme vun 2009 hun net gegraff, sin net emgesat ginn. Naischt get serieux evaluéiert. Fakt ass, dass mer an den internationalen a nationalen Studen emmer mei schlecht do stinn wat Kompetenze vun de Kanner ubelangt. Parlamentaresch Froen sinn e souffrance.. bei 16 Froen ass den Delai depasseier. Op Pressekonferenzen reegen Journalisten sech op well se 6 Meint keng Äntwert kreien. Dat ass alles net mei ok.
-
luxusbuerger28.03.2024Eng gudd Iddie dat do! An mäin Slogan wiér! "Eng gesond Balance" oder wann dat zevill franséisch klëng, "En gesond Gläichgewiicht", well dat ass verluer gangen an geet ëmmer méi verluer tëscht der Gesellschaft, der Politik, der Wirtschaft, den Finanzen, an der Welt insgesamt an et freet oder et soll een sëch froen firwat eigentlëch. Dat géing och besser klëngen wéi en "Mär" wou keen ass oder wou een sëch freet, sin mär dann och domader gemengt oder den "Zesummen" oder den "Zesummenhalt" den zerstéiert gouf, an denen leschten Joeren zemols an d'Solidaritéit ze wënschen iwrëg léist oder "är Stëmm", déi bal ni gehéiert oder respektéiert gëtt, an een sëch och freet hun mär iwerhaapt eng oder wann mär nach eng hun, wéi lang dann nach, bon, engagéiert klëngt nawell schon net schlecht, dofir gouf Verännerung jo awer schon sou oft versprach an net gehalen, mee wat guer net geet dat ass wann een seet et hät een alles gemaach an och nach gudd, dat steet zwar net esou do, mee esou ass et jo awer gemengt. An d'Gerechtëgkeet déi huet wuel keen sëch méi getraut als Slogan ze huelen, hëchstwahrscheinlëch well et déi net méi gëtt oder well keen sëch domader méi wëll d'Fangeren verbrennen oder si hun se vergiéss oder si denken un den Martin Schulz, dem déi sozial Gerechtëgkeet zum Verhängnis gouf ier hién se iwerhaapt konnt ëmsetzen, den Armen. Pardon, dach, si taucht an den Programmer op, mee just si ass méi kleng geschriwen. Wat soll een och fir eppes kämpfen wou een souwisou wees dass sëch näischt wärd äneren un der sozialer Gerechtëgkeet. Mee just dann froen ëch mëch wat soll den "Mär" den "Zesummen" den "Zesummenhalt" déi Stëmm, "är Stëmm", déi net unerkannt gëtt an wou een um Enn sëch "seet", wat hun déi dann "GEMAACH"! Fir eis! Op déi richtëg "Verännerung", kënnen "Mär" all "Zesummen" wuel nach lang warden, well egal wéi si sëch "Engagéieren" fir "Är Stëmm" an den "Zesummenhalt", wärd et och an Zukunft alles anescht wéi gudd ausgesin, egal wat si dann um Enn "Gemaach" hun! Awer wéi gesot warden "Mär" emol of an wat si eis alles nach esou verspriéchen. Mol kucken bis den 14ten ass et jo nach, mee sou richtëg Loscht an Freed kënnt do net op an am Vergläich zu denen leschten Wa(h)len ass jo schon souzesoen, Windstille.
-
Anna_List28.03.2024wou bleiwt Entschëlligung vum Spiller Nübel respektiv vum FCSchalke vis à vis dem Spiller respektiv dem Club vun Eintracht Frankfurt ??
-
knadderpit28.03.2024Hapt sach den tram roullt🤣🤣