TELEE - De Kontext
D'Gesondheet - Eng Gefor fir d'Demokratie?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Marc Spautz, seet sech selwer, dass d'Chamber och wichteg ass
- Jean-Jacques Rommes, FEDIL
- Marc Ruppert, ass an enger Partei
- Michel Wurth, gesäit just aus, wéi wann e Läichen am Keller hätt
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
-
den_Schockeierten22.02.2024Zu Letzebuerg muss een entweder schon een bekannten Politiker an der Famill gehaat hun oder wei d'Madame Minella bekannt aus dem Sport oder den Medien sin. Wat och obfällt ass dat wann een uewen ob enger Lescht steet och eng fill mei grouss Chance huet gewielt ze gin. Dofir gett et immens fill Politikerinnen an Politiker dei een Mandat hun deenen hiren Famljennumm mat A, B oder C ugeet. Esou een Systeem feiert dozou datt Leit mat Kompetenz an politeschen Visiounen mais ouni des Privilegien kaum eng Chance hun sech kennen duerchsetzen. Das misst onbedengt geännert gin zb daduerch dat just nach Parteien gewielt gin mais keng Käpp.
-
Weltbiirger22.02.2024Schaffen a bezuelen : Mir hunn et bei eis am Stot gemierkt, wats de méi schaffs, wats de logescherweis och méi verdéngs a wats de méi bei d'Lisette gelooss gëss mat de Steiere pro Mount an dono nach eng Kéier pro Joer zesummen. Genee duerfir huet meng Fra vu sech aus opgehal mat schaffen, well hir Minipei ass komplett dropgaang fir d'Joeressteieren an et ass mol net duergaangen. Haut hu mer nëmmen 1. Akommes, et geet eis ewéi ville Leit, et muss ee rechnen, mee fir eis selwer, a net fir d'Staatskeess. ps.: Ier meng Fra opgehal huet mat schaffen ass dat alles bei engem Notair gereegelt ginn, well déi feministesch Astellung dass eng Fra MUSS schaffen am Fall wou.......dat ass eng politesch Erfindung a jiddereen deen sech e bëssche mam Droit auskennt, dee weess dass een alles iwwer Akt beim Notair ka festhalen am géigesäitegen Averständnes.
-
Kappressel22.02.2024Metal am Bulli. Ouni mech !
-
Anna_List22.02.2024Majo Jessi as jo deng Alterskategorie da neischt wei eran an d'Sardinebex pleneren.
-
Trump197822.02.2024Et mecht kee Sënn eng Fro ze stellen fir an d'Sendung well bis elo ass nach ni esou eng Fro opgegraff ginn an och ni vun engem Invité beëntwert ginn. Et ass keng interaktiv Sendung wou de Publikum dru bedeelegt ass. Schued, ass awer leider esou.
-
Aniwregens22.02.2024Di fräi Meenungsäusserung, déi mer ëmmer méi verteidege mussen, kann duerchaus geféierlech ginn, wann an enger Äusserung Falsch- oder Feelermeldungen dra leien. Sou schreift den Auteur: „... bekommen nun auch Jungen eine Gebärmutterhalskrebsimpfung verpasst, was wohl jeden halbwegs vernünftig denkenden Menschen staunend und sprachlos zurücklässt.“ Wann een sech bei der richteger Quell informéiert (http://www.who.int/mediacentre/factsheets/fs380/fr/), da wier sou en Ausrutscher ni geschriwwe ginn, an dee weist op e mangelhafte Kenntnisstand vum Auteur hin. Firwat dann d'Jongen och impfen: http://www.bag.admin.ch/themen/medizin/00682/00684/03853/index.html?lang=de do ënner „Publikationen“ Dee Virus ass nämlech net nëmme fir de Gebärmutterhalskriibs verantwortlech. E Bild seet heiansdo méi aus, wéi e laangen Text: http://www.cancer.ca/~/media/cancer.ca/ON/get%20involved/take%20action/what%20we%20are%20doing/HPV%20Campaign/CCS-Poster-Infographic--FRENCH.pdf All Medikament huet seng Niewewierkung(en). Leider! Wann een den Akzent just do drop leet, dann nëmme séier d'Fanger wech vun der Aspirine! Och kann een un eng Konspiratioun (vu weem och ëmmer) denken, am Sënn, lo kënnen d'Leit endlech fräie Sex hunn, ouni Gefor(en) ausgesat ze sinn. Wat sou, trotz der Impfung, net stëmmt. Eng Impfung wierkt ëmmer nëmme spezifesch. Oder er denkt een un de Lobbyismus vu Firmen, Associatiounen, déi mat Hëllef vu Medikamenter räich wëlle ginn. Et kann een sech vill där Szenarien ausdenken; et ass awer keen derbäi, deen een als Eltere vu senger Verantwortung, de Kanner géinteniwwer, entbënnt. Schued eigentlech, datt d'Fraen d'Wuert net ergräifen, well et geet hei ëm hir kierperlech Gesondheet, an déi vun hirer Duechter; eng Gesondheet, déi duerch d'Männer kräfteg hypothekéiert ka ginn.
-
kloreMenscheverstand22.02.2024Daat ass wuel richteg a wichteg fir eis d'Land. Déi gudd Kichen muß gepusht ginn. Malbouffe muss verschwannen an d'Elteren mussen sech vill Zäit huelen fir hir Kanner richteg a gesond ze "'fidderen".
-
Mister X22.02.2024Aus dem Text geht aver net eraus wieviel mol an sengem lieven en sein Geschlecht kann änneren lossen? Dat könnt aver och en ganz groussen Problem gin well no epuer Joer kann en sech jo Wellen rem emorientieren, an dann...