TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir d'Bevëlkerung? Dréngend an iwwerall?

© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Jeff Schinker, Schrëftsteller
- Carlo Thelen, Retter vum Wirtschaftswuesstem
- René Winkin, FEDIL an dee béisen a Star Wars
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Blanche Weber, eng Fra
-
Letzebauer01.02.2024Genuch : daat ass bësse jhust Gutt : daat wär ideal Iwwerfiddert : wéi an dësem Fall, ass definitif schlecht
-
kleinGEIST01.02.2024Sorry, bei allem Respekt virun deenen Personnagen, awer do sinn nu wierklech Béck zum Gäertner gemaach ginn! dat do ass effektive ganz groussen Kino an dat ouni Spectateuren.
-
geftzwersch01.02.2024Endlich
-
MELLECHKOU01.02.2024Félicitatiounen un d‘Sportler.
-
Waat_dann01.02.2024Elo sin mir beim Index duerch, gin wahrscheinlëch e puer Tranchen verluer, d'Collektif-Verträeg wäerten zu 0,00 goën, well jo die Indextranchen 2024 mussen resp. sollen (laut H. Fayot) nogehol gin. Dann kann éen jo elo zum näechsten Thema iwergoën fir den Salarier ze drëcken. pb
-
Mister X01.02.2024LSAP bedeit eng schläichend Enteegnung vum Vollek. Mat der uviséierter Logementspolitik hun d Leit zwar en Dach iwwert dem Kapp, awer och soss näischt. Un d Kanner ze verierwen gëtt et dann och näischt méi. Déi ginn dann och hirt Liewen lang lounen an bezuele mat hirem Loyer anere Léit hir Häiser. Esou geréit de Wunnraum am Land ëmmer méi an d Hänn vun ëmmer manner Léit. Et muss een sech bewosst sinn dass der LSAP hir Chancëgläichheet an Gerechtegkeet just eent heescht, nivellement vers le bas. Et soll keen mengen et géif hinnen drëms goen dass déi Aarm zu eppes kommen, nee et geet drems dass déi wou eppes hunn härno och näischt méi hunn. Déi Politik suergt just dovir dass de Besëtz ëmmer méi an d Hänn vun wéinegen geréit. An de Recht gëtt mat Almosen vum Sozialstaat esou just iwwer Waasser gehal. Dat ass et wat Sozialismus heescht.
-
luxusbuerger01.02.2024No den Eu-Kandidatewalen e Samschde, ass dann wuel d‘Opspléckung vun der Partei ugesot. Et dierf een gespaant sinn wien am Coole Grupp, a wien an deem anere Grupp wäert sinn.