TELEE - De Kontext
Woufir steet d'Wirtschaft? Wat muss änneren?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Tom Flammang, RTL Sportsredaktioun
- Paul Galles, Kumbaya, My Lord
- Marc Spautz, seet sech selwer, dass d'Chamber och wichteg ass
- Etienne Schneider, fréiere Wirtschaftminister, Verwaltungsrotsmember a Genéisser
-
Donald Duck28.09.2023Ouni Plang vum Architekt, baut keen en Haus. Ouni Plang, keng Cité! Ouni Plang, keng Vakanz! Wann d'Santé net plangt, da kënnt jiddereen mat senger Software geschäert, an da foiréiert et! Hunn déi puer Apdikter am Land, dann all déi selwecht Software? Wann d'CNS do net eenheetlech Richtlinnen huet a rausgëtt, da kéint se net ofrechnen. Sou einfach ass et. Souguer am private Beräich muss de Staat sech duerchsetzen, fir net all partikular Interessen entgéint kommen ze mussen. Ass dat en Abroch an d'Fräiheet, fir datt dat Ganzt funktionéiert? No eenheetleche Reegelen? Wéi ass et da mat den Dokteren, déi ugestallt sinn? Sinn dat dann nach Fräiberuffler? Wien interesséiert et? E Spezialist kann sech dach net all déi Apparatur leeschten, déi haut gebraucht gëtt. An déi Doktere kloen? Wien klot eigentlech? Aus wat fir enger konkreter Ursaach? Angscht virum "Plang"? Wann d'Sekretärinnen an doctena d'R-d-V'en net géinge plangen, da géing schonn un der Source näischt méi lafen.
-
Matbierger28.09.2023Ampelregel um Stausée,.........wan Wasser gring as,dan as Lucht och gring,wan Wasser kaal as,dan as Lucht giel.
-
Matbierger28.09.2023Also…. befier hei schon erem jiddereen Häerzpelle muss huelen… Fier eng Waff ze kreien, leeft een emol ee Screening duerch Dann ass dei Waff, op den Halter enregistreiert Wann een erwecht get, wou Registratioun net zuer Waff passt… ma da bass de Stroofbsr a gees an de Prisong Hei geet een bestemmt net, am Supermarché seng Waff kaafen
-
MELLECHKOU28.09.2023De Markus Söder ass CSU. An déi Partei aus Bayern hat nach nie eng reell Chance fir de Kanzler ze stellen. D'Annegret Kramp-Karrenbauer ass vun der Kanzlerin Merkel op Berlin als CDU-Cheffin geholl ginn. Mee déi Fra hat awer och guer näischt bekäppt wat hir nei Roll do wir. Soss geíf se elo net ëmmer nach soen d'CDU-Cheffin misst och Kanzlerkandidatin sinn. Well de Kanzlerkandidat bestëmmt net d'CDU eleng, mee eben d'CSU mat. Dat ass jo de Punkt. Genau dat hat d'Angela Merkel och am A wéi se d'AKK just an d'Spëtzt vun der CDU gesat hat. Obschonns déi Fra dohinner formell gewielt gouf, d'Partei huet d'AKK geholl, well d'Merkel dat sou wollt hunn. An de nächste Kanzlerkandidat wäert dee sinn, deen d'Angela Merkel wëllt hunn.
-
Elo_awer28.09.2023Mär hun dach d'Wahlpflicht, oder ass dat ofgeschaft ?
-
NONDIKABES28.09.2023Zweeschen Bashing an den Leit den Mond wëllen verbidden ass vill Sputt! Net all Kritik ass direkt Bashing, eis Politiker mussen och mol erem léieren vun hierem héichen Päerd erof ze kommen! Wiem seng Schold ass et dann, dass sie sämtlechen Kredit verspillt hunn mat hieren Magouillen an Dysfonctionnementer? An dat esouwuehl déi Parteien an der Regierung ewéi déi an der Oppositioun!