TELEE - De Kontext
D'Klima retten ouni ze nerven - Och zu Lëtzebuerg?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- François Bausch, nach ëmmer op der véierter Iwwerhuelspuer
- Fernando Kartheiser, Tripple-Agent, Mann.
- Claude Meisch, Superminister a Minister fir alles
- Charel Goerens, elder Statesman
- Leo Wagener, Generalvikar, gedeeft, religiéis, a gleeft u Gott
-
Minettsdap20.07.2023Den Stadt muss direkt dem Secteur do hellefen , also wann awer elo 1 hei hellef brauch dann sin et awer elo den Secteur . Ma Leit missten sech mol nes zesummen setzen an een general Fuer stop machen esou wei an den 70 er Joren , dat geif hellefen .
-
Knueterbatti20.07.2023um enn vumm daag muss een vunn senger pay liewwen kënnen - an daat w.e.g. ouni hëllefen lënks an riets. dozou gehéiert och, datt die kleng payen net well 7% steieren bezuelen. métiers vunn deenen een net liewwen kann, die ginn gemieden an d'leit sichen sech eppes aaneres. an soulang deen probleem net ugepaakt gëtt, soulaang ass all den recht just dekoratioun. daat stellt och d'fro wie weit mer wuessen wëllen an uewwen um turm nach drop bauen wëllen, ouni datt d'fundament ënnen ugepasst gëtt.
-
Neckel300020.07.2023„Fundamental liberal Iddien“ 😳 Den Här Reding wäert, nodeem hien LSAP an ADR Politiker war, elo net och nach Member an der liberaler Partei ginn. 🙈