TELEE - De Kontext
Woufir steet de Grand Duc? Ma wat kann ee maachen?

© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Jean-Louis Siwek, weess näischt kann awer alles erklären
- Fernand Fehlen, Besserwësser
- Jeff Schinker, Schrëftsteller
- Leo Wagener, Generalvikar, gedeeft, religiéis, a gleeft u Gott
- Serge Wilmes, Minister fir eppes wat net méi nerve soll
-
de-ben29.06.2023o.k. ech duerf kee plastiks Chalümo mei gebrauchen, ech duerf kee Plastik ukucken, soss tröfft mech de Blötz... mee fir Peischt Croisiere (ech vergonne Jidferengem sei Spaass), Vakanzreese mam Fliger, opp Expo opp Dubai etc gin löschteg Reklame gemeet, och vu Politiker ... W.e.g erklärt mer, wei engt Yoghurtsdöpchen, opp der falscher Plaatz, am groen Drecksdöppen eis Welt dem Önnergank mei no brengt...?
-
LibrePenseur29.06.2023Leit wärten jo mol nodenken wat dei lescht Joeren alles durch dei Greng op eis duer kommen ass.
-
BAARTJANG29.06.2023Mat all der Entwécklungshëllef, Kreditter, Finanzen, Mikrofinanzen, ONG'en asw misst dach endlech ee Resultat ze verbuche sinn. - Villen ONG'en, deene weltwäit Milliarden zur Verfügung stinn, misste vill méi transparent schaffen. Oft sinn si näischt anescht wéi Guttmënschen-Organisatiounen déi gleewen dinn d'Interesse vun deenen Aarmen ze vertrieden, Leed an Honger ze bekämpfen an ze minimiséieren, d'Ëmwelt ze schützen, wou di meescht awer a Wierklechkeet just Organisatioune sinn déi mat de Wëllef haulen, a wou op der Platz, näischt bis net vill ukënnt. - Dat muss ee vun de Grënn si wisou mat all deene Milliarden-Zommen déi an deene leschte Joerzéngten an d'Kooperatioun gefloss sinn, nach net een eenzegt Land dobäi ass wat bis elo op d'Been koum.
-
Nickla29.06.2023Hapt sach den tram roullt🤣🤣
-
JEAN-FRANCOIS29.06.2023Firwaat hu mir hei zu Lëtzebuerg, héichgerechent, doubel esou vill Covid-19 Douderwéi Daïtschland?
-
Heemecht_lu29.06.2023LSAP bedeit eng schläichend Enteegnung vum Vollek. Mat der uviséierter Logementspolitik hun d Leit zwar en Dach iwwert dem Kapp, awer och soss näischt. Un d Kanner ze verierwen gëtt et dann och näischt méi. Déi ginn dann och hirt Liewen lang lounen an bezuele mat hirem Loyer anere Léit hir Häiser. Esou geréit de Wunnraum am Land ëmmer méi an d Hänn vun ëmmer manner Léit. Et muss een sech bewosst sinn dass der LSAP hir Chancëgläichheet an Gerechtegkeet just eent heescht, nivellement vers le bas. Et soll keen mengen et géif hinnen drëms goen dass déi Aarm zu eppes kommen, nee et geet drems dass déi wou eppes hunn härno och näischt méi hunn. Déi Politik suergt just dovir dass de Besëtz ëmmer méi an d Hänn vun wéinegen geréit. An de Recht gëtt mat Almosen vum Sozialstaat esou just iwwer Waasser gehal. Dat ass et wat Sozialismus heescht.