TELEE - De Kontext
Wéi besser d'Impfung schützen ouni d'Inflatioun ze verdaiwelen? Dréngend an iwwerall?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Fred Keup, gescheiterte Geos-Proff
- Jean-Louis Siwek, weess näischt kann awer alles erklären
- Etienne Schneider, fréiere Wirtschaftminister, Verwaltungsrotsmember a Genéisser
- Blanche Weber, eng Fra
- Eric Thill, och mat dobäi wéinst der Nord-Quot
-
tetrapack04.05.2023Dee politesche Gruppement, deen di meeschte Stëmme kritt, deen designéiert dem JCJ säin Nofolger. Sou, di intern Reglementer. An dat, onofhängeg vun hirem Gebraddels am Virfeld, a virun der Kamera. Mir wësse jo elo schonn, wat NO de Walen op eis duer kënnt! Stëmmen, déi di zwee kréien, also hire Gruppement, kréien anerer net! Déi wëssen, datt se sech iwwer d'EU-Wale just méi "legitiméiert" spiere kënnen, awer net méi. Vläicht bléid och béiden, Enn Mee, eng fatzeg Iwwerraschung?
-
Kropefra04.05.2023D'Garde parallèle fonctionneiert perfekt an et sin 1/3 mei Leit all Dag an der Urgence? Ursprünglech war dei Garde parallèle vun der Mme Mutsch "erfonnt" gin, fir dass manner Leit pro Dag pro Spidol an d'Urgence komme sollen, fir dass d'Wardezeiten erof gin. Et kann also keng rieds sin dass alles perfekt klappt. Au contraire, d'Problemer an den Duercherennen gi just nach mei grouss. Mei Leit dei an d'Urgence kommen, parallel gin awer maisons médicales finanzeiert an Dokteren bezuelt fir do Permanence ze maachen während dei am Spidol mol einfach onbezuelt duebel sou vill Garden mussen maachen. D'Personal op de Stäck schléit de Kopplabunz well elo all Dag vill Admissiounen sin, ouni dass nëmmen 1 Persoun mei Personal zur Verfügung steht. Et as eng Katastroph.
-
Neckel300004.05.2023Déi féiten eng ob. D‘éicht et d‘Grenzen gin op an dann zerquetschten Stonnen méi spéit neen net aus touriteschen Grënn. Ech behaapten mol neess eng histoire belge.