TELEE - De Kontext
Mécht d'Lëtzebuerger Sprooch wierklech genuch géint d'sozial Medien? Och zu Lëtzebuerg?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Claude Meisch, Superminister a Minister fir alles
- Claude Wiseler, éischten ale wäisse Mann vum Land
- Jeff Schinker, Schrëftsteller
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Serge Wilmes, Minister fir eppes wat net méi nerve soll
-
Maulwuerf02.03.2023Verkéiersproblem zu Dideleng, jo dat as scho méi wi ée Problem. Keng Planung, keng Visioun a wahrscheinlech kéen Interessi vun der Gemeng, sou kann éen de Verkéiersproblem zu Dideleng beschreiwen. De neie Rond-point ënnert der Autobunn fonkzionéiert null. Rond-point Biereng fonktionéiert nët am Gerengsten. Eppes éemoleges gët et zu Dideleng, eng flott Ëmgehungsstroos aus Frankräich, gët dann no riets matzen an den Zentrum geléet. Einmaleg..... dat as Verkéietsplanung, wëll nët wëssen wat de neie Quartier nach wärt brengen.
-
Knadderhary02.03.2023Menger Meenung no wëllen d'Regierungsparteien kee Referendum. Fir lo drop ze waarden, dat 25.000 Leit op Gemeng trëppelen fir do fir e Referendum ze ënnerschreiwen, ass e Witz, wou et dach an hiirem Wahlprogramm stoung. Menger Meenung gin se dovun aus , dat dėi net zesummenkommen.Dann hun se domat eng excuse firwaat kee Referendum ass. Egal waat, crėdibel ass eis Regierung net mėi, fannen ech.