TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir d'Stad Lëtzebuerg? Wéi wäit geet de Putin?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Paul Galles, Kumbaya, My Lord
- François Bausch, nach ëmmer op der véierter Iwwerhuelspuer
- Charel Goerens, elder Statesman
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Marc Ruppert, ass an enger Partei
-
Enn_Letzebuerger29.12.2022Et mecht kee Sënn eng Fro ze stellen fir an d'Sendung well bis elo ass nach ni esou eng Fro opgegraff ginn an och ni vun engem Invité beëntwert ginn. Et ass keng interaktiv Sendung wou de Publikum dru bedeelegt ass. Schued, ass awer leider esou.
-
NONDIKABES29.12.2022"Velospist" a.k.a. "reegelfraien Raum, wou meng Kanner, main Hond an ech eis un guer naicht brauchen ze haalen" a.k.a. "Bauerewee, wou mir ob d'Sabbel duerfe goen, well decke Bulli an verluerent Stréih nëmmen hallëf sou wëll sin". Dann awer léiwer ob der "Strooss" alias "Privateegentum vum Autofuerer, an jiddereen deen e bessi mi lues ennerwee ass gët bedrängt, gequetscht an verflucht"
-
Elo_haal_awer_op29.12.2022Merci RTL
-
Populiste29.12.2022An wann een wéi ech keng Kanner huet, mussen Ayants-droits déi mäint ierwen, ganzer 40% bezuelen! Wou bäi ech schon beim Akaaf dem Staat säin Steck vum Kuch gin hun mat TVA 3%+17% henno, Enregistrement etc... Kanner huet een keng well een keng kann kréien, keen Partner fonnt huet oder ganz einfach fir sech entscheed huet keng ze hun.
-
Misanthrop29.12.2022Dat do ass a sech net richteg!!!! Fir richteg misst iwerall dee selwechten daag gewielt gin!!!!! Prognosen dierften och na keng rauskommen!!!! Dat da ass just beaflossung, sief et an déi eng oder an déi aner richtung!!!!
-
DePefferkaerchen29.12.2022Ze speit, CSV !
-
Kritiker29.12.2022Einfach schrecklech wat do soll realiséiert gin. Esou gesäit dach keng Entree vun enger Stad aus. Wien sin déi Stadplanger ?? Bestëmmt keng Lëtzebuerger. Wäerten erëm auslännesch Firmen sin, déi am Optrag vun Fongen oder egal ween och do werkelen. Genau esou wäert ët och herno zu Hollerech ,mat der Porte de Hollerich, ausgesin. Vun der Autobunn direkt an eng Betonwüst eran. Wat d'Stäreplaaz ugeet,wärte mer domat dann den 3ten Belval schaafen. Well den 2ten as jo op der Cloche d'or. Do waerten an Zukunft eng Partie Geschäftrer zoumaachen. Ech hun dat schon geschriwwen,wéi se nach am Bauen waren. D'wier besser d'Grousgaas géif emol erëm belieft gin. Kann nët sin dass de Kär vun der Stad eng Akaafswüst gët, an baussen erëm sin Geschäfter. Dat as dem Gemengeroot seng Aufgab.